De Michel Rodange, gebuer den 3.
Januar">3. Januar 1827 zu Waldbëlleg a gestuerwen de 27. August 1876 a Clausen, (Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. E gouf virun allem als Auteur vum Renert bekannt, enger Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch.
Michel Rodange | |
---|---|
De Michel Rodange an der zweeter Renert-Oplo vun 1909. | |
Gebuer | 3. Januar 1827 Waldbëlleg |
Gestuerwen | 27. August 1876 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Albert Rodange |
De Michel Rodange war vun 1845 u Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Steesel, duerno an der Fiels. An der Dikrecher Zeitung Der Wächter an der Sauer huet e seng éischt Gedichter op Däitsch publizéiert. 1854 huet hie sech mam Madeleine Leysen bestuet. Si kruten 10 Kanner, wouvun der awer 6 scho fréi gestuerwe sinn.
Vun 1860 un huet de Michel Rodange als kantonale Piqueur zu Iechternach, Capellen a Wolz geschafft. Hien huet ugefaangen, sech mat däitscher, franséischer a griichescher Literatur auserneenzesetzen. 1872 koum säin Haaptwierk Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst eraus, dat awer ufanks kaum een an Uecht geholl huet. 1873 huet de Michel Rodange Congé vum Staatsdéngscht geholl, fir beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d'Sauer matzeschaffen. Mä hie war ëmmer méi mam Mo geplot. E gouf an d'Stad versat, wou en d'Schleefaarbechte vun der Festung Lëtzebuerg surveilléiert huet. De 27. August 1876 ass en, mat nëmmen 49 Joer, u senger Mokränkt verscheet.
Nieft dem Renert huet de Michel Rodange Lëtzebuerger an däitsch Geleeënheetsgedichter, Dem Léiweckerche säi Lidd iwwer de Bauerestand an der Zäit vun der Industrie, d'lëschtegt Theaterstéck Dem Grof Sigfrid seng Goldkuemer an eng autobiographesch Chronik von Waldbillig geschriwwen. Dat meescht dovu gouf eréischt no sengem Doud publizéiert.
Nom Michel Rodange gouf e Lycée um Geesseknäppche genannt.
De Michel Rodange war de Papp vum Albert Rodange.
Commons: Michel Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Rodange, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.