Tastatur

Eng Tastatur oder e Clavier ass een Apparat oder Deel vun engem Apparat mat Tasten, déi de Benotzer dréckt fir eppes ze steieren.

Haut sinn déi meescht Tastaturen elektronesch Tastaturen, obwuel et och mechanesch oder pneumatesch Tastature gëtt.

Tastatur
E Fanger dréckt eng Tast op enger Computertastatur
Tastatur
Eng Tastatur op enger aler Schreifmaschinn

Vill technesch Apparater hunn eng Tastatur, dorënner Computeren, Schreifmaschinnen, Telecommanden, Telefonen an Handyen.

Och Museksinstrumenter mat Tasten, de sougenannten Tasteninstrumenter, hunn eng Tastatur, déi meescht awer Klaviatur genannt gëtt.

Eng Computertastatur huet am Verglach mat enger Schreifmaschinnentastatur méi Tasten, mat deenen e Computer gesteiert gëtt. Je no Land a Sprooch sinn d'Tasten op der Computertastatur aanescht arrangéiert a beschrëft. Déi Gängest Lay-oute sinn a Westeuropa QWETRY, QWERTZ an AZERTY. Op enger Computertastatur si Buschtawen, Zuelen an aner Symboler, déi "Characters" oder Zeeche genannt ginn. D'Computertastatur ass de geleefegen Input-Apparat bei Computeren.

D'Schreiwe mat enger Computertastatur nennt een "Tippen". Wann de Benotzer eng Tast dréckt, schéckt d'Tastatur e Signal un de Computer fir ëm ze soen, wéi ee Buschtaf, Zuel oder Symbol um Ecran soll gewise ginn. De Computer weist dat Zeechen dann um Bildschierm, generell do wou den Textcursor ass. Vum technesche Standpunkt hier gläicht eng Computertastatur also enger Computermaus, der Telecommande an der Manette vun enger Spillkonsol.

Nieft Tasten, déi d'Agab vun Zeechen erlaben, sinn op der Tastatur awer och speziell Tasten, déi e Symbol änere kënnen (mat der Shift-Tast kann een zum Beispill Groussbuschtawe schreiwen) oder dem Computer e speziellen Uerder kënne ginn (wéi zum Beispill d'Kontrolltast Ctrl).

Déi verschidde Computerbetribssystemer benotzen ënnerschiddlech Spezialtasten, oder benotze s'ënnerschiddlech. Spezial Befeeler kënnen och mam Drécke vun enger Kombinatioun vun Tasten aktivéiert ginn. Dat ass dann eng Ofkierzung ("Shortcut" oder "Raccourci"). Bei Microsoft Windows si bekannt Ofkierzungen zum Beispill Ctrl + C, fir Text oder eng Datei ze kopéieren, Ctrl + V fir dat Kopéiert ze pechen, a Ctrl + F fir e bestëmmt Wuert an engem Dokument oder enger Websäit ze fannen.

Eng Computertastatur kann iwwer e Kabel mat engem Computer verbonne sinn, oder kabellos iwwer Bluetooth.

Kuckt och

Commons: Tastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Computertastaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Mechanik

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Vereenegt Staate vun AmerikaLeifeegeschaftPlace de Paris (Stad Lëtzebuerg)LatäinAtmosphärPéckvillchenJeunesse EschWëllem III. vun HollandSkypeBlue (Film 1968)Ulrich MüheFornax (Stärebild)IndienDiego CorralesFukuokaChristian Schartz1976FeilGemeng DéifferdengJean Fetz1964Marie-Astrid vu LëtzebuergBockfielsMarie-Adélaïde vu LëtzebuergAadlerfarNordmazedonienHaaptsäit/WDSPescatore (Famill)Haidy JacobiBarbara RushSydney Harbour BridgeJean AsselbornLéiftHeintz Van LandewyckSerge Milano (Äishockeyspiller)La LuxembourgeoiseFedil - The Voice of Luxembourg's IndustryNicool1909NorwegenGruppenbild mit Dame (Film)1993Microsoft WindowsEnglandPierre DillenburgOmanVirgäertchenDan KerschPornofilmOrganisatioun vum Nordatlantik-TraitéHydra (Stärebild)Jean HussJudd mat GaardebounenBounewegFeierstengszalotMarie HeinzBurkina FasoAlfred OppenheimerAuriga (Stärebild)Esch-UelzechtLoretta Young31NatesfetischismusJuegd zu LëtzebuergSneaky PetePeléJottzéjottAustralienTom JungenTroublemakerEdmond de la Fontaine🡆 More