D'Mechanik ass en Deelgebitt vun der Physik dat sech mat der Beweegung vu Kierperen an der Awierkung vu Kräfte beschäftegt.
En typescht Beispill vun der Mechanik ass d'Predictioun vun den Trajektoire vun de Planéite ronderëm d'Sonn. En anert Beispill ass d'Berechnung vun der Trajektoire vun enger Kanounekugel déi een an engem bestëmmte Wénkel ofschéisst.
Wichteg Gréisste sinn d'Mass a Kilogramm (kg), d'Längt a Meter(m), an d'Zäit a Sekonnen(s). Mat dësen dräi Moosseenheete loosse sech all déi aner Moosseenheeten, déi an der Mechanik benotzt ginn, opbauen. Sou zum Beispill ass eng Kraaft, vun 1N (N steet fir d'Unitéit vun der Force am SI-Eenheetesystem: den Newton) gläich 1 kg × 1 m × 1 s−2.
Commons: Mechanik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mechanik, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.