No hirer Première am Stater Kolléisch huet d'Hana Sofia Lopes Schauspillerei op der Theaterschoul vu Lissabon an zu Paräis am Conservatoire national supérieur d'art dramatique studéiert. Am Kader vum Erasmus-Programm huet si 2013 zwee Semesteren zu Madrid op der Real Escuela Superior de Arte Dramatico studéiert.
Zanter hirem Ofschloss vun der Theaterschoul vu Lissabon ass si an Film-, Televisioun- an Theaterproduktiounen zu Lëtzebuerg awer och international a Portugal, Frankräich, Däitschland oder Spuenien ze gesinn. Si huet zanter 2014 an enger Dosen Televisiounsserië matgespillt. Ënner anerem wéinst hirer Roll an der portugisescher Telenovela Coração d'Ouro (2015-2016), déi all Owend vun 1,8 Milliounen Zuschauer a Portugal gesi gouf, ass si a Portugal bekannt gin.
Si spillt d'weiblech Haaptroll am Film Toy Gun un der Säit vum John Hannah, Julian Sands a Luke Allen-Gale dee vum Marco Serafini realiseiert gouf.
2020, gëtt d'Hana Sofia vum franséische Regisseur Michel Didym erausgesicht fir a senger Inszeneierung vun Habiter le temps, vum schweedeschen Dramaturg Rasmus Lindberg, matzespillen. Et spillen och d'Irène Jacob, de Jérôme Kircher oder nach den Eric Berger mat. D'Première vum Stéck war de 15. Dezember 2020 am Centre Dramatique National,Théâtre de la Manufacture de Nancy. Dono follegt iwwer eng Period vun 2 Joer eng Tournée a Frankräich, Schwäiz, Lëtzebuerg an an der Belsch. D'Stéck gouf de 14. a 15. Februar 2021 am Studio vum groussen Theater presenteiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hana Sofia Lopes, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.