De Saxophon ass e Museksinstrument aus Messeng.
Saxophon | |
---|---|
En Altsaxophon | |
Klassifikatioun | Aerophon Holzblosinstrument |
Tounëmfank | |
Änlech Instrumenter | Klarinett |
Museker | |
Kategorie:Saxophonisten |
De Rouer ass konesch, a gëtt géint d'Enn méi weit. Dat ass de gréissten Ënnerscheed mat änlechen Instrumenter wéi z. B. der Klarinett. Anescht, wéi ee vu sengem metallesche Kierper hier kéint mengen, gehéiert de Saxophon zu den Holzblosinstrumenter, well säin Toun mat Hëllef vun engem hëlzene Rouerblat produzéiert gett.
D'Instrument gouf als "Saxophon" vum Belsch Adolphe Sax 1840 erfonnt an den 21. Mäerz 1846 a Frankräich patentéiert. De Sax hat d'Instrument fir de sinfoneschen Orchester konzipéiert, wou en eng Klangfaarf tëscht dem Hautbois an der Klarinett vermësst hat.
Bekannt a populär gouf de Saxophon awer eréischt en ettlech Joerzéngten no senger Erfindung mam Jazz, wéinst sengem variabele Klang a senger grousser Dynamik. Et gëtt Saxophoner a verschiddenen Tounlagen, vu Kontrabass- iwwer Bass-, Bariton-, Tenor-, Alt-, a Sopran- bis zu Sopranino-Saxophon.
Commons: Saxophoner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Saxophon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.