Den Jimmy Donal Jimbo Wales, gebuer de 7.
August">7. August 1966 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.
Jimmy Wales | |
---|---|
Portrait vun 2008 | |
Gebuertsnumm | Jimmy Donal Wales |
Pseudonym | Jimbo |
Gebuer | 7. August 1966 Huntsville |
Nationalitéit | USA, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Universitéit vun Alabama, Indiana University Bloomington |
Aktivitéit | Geschäftspersoun, Blogger, Entreprener, Informatiker, Fuerscher, Riedner, Händler |
Member vun | Wiki |
Famill | |
Bestuet mat | Kate Garvey |
No sengem Studium op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en sou vill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.
1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë. a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.
Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, soudatt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.
Sou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wiki. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënnter Fondatioun Wiki ënnerstallt, an där hirem Direktiounskommitee de Wales selwer mat nach zwéin anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwéi vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Kommiteesmemberen.
2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.
Fir d'Wiki z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z. B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.,,
Commons: Jimmy Wales – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jimmy Wales, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.