Faaschtenzäit bezeechent a verschiddene Reliounen eng Period wärend där besonnesch reliéis Virschrëfte gëllen am Bezuch op Iessen, Drénken, Gebiet, sozialt Engagement, sexuell Aktivitéiten...
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sou ass z. B. de Ramadan eng Faaschtenzäit am Islam. Am Juddentum gëtt et méi Faaschtendeeg, dee bedeitendsten ass wuel awer Jom Kippur, den Dag vun der Versöhnung, den héchste Feierdag am jiddesche Kalenner.
Am Lëtzebuerger Sproochgebrauch bezitt sech Faaschtenzäit awer meeschtens op déi chrëschtlech Faaschteperiod vu 40 Deeg virun Ouschteren (éischterlech Bousszäit).
Dës Virbereedungszäit op d'Ouschterfest fänkt op Äschermëttwoch un an dauert bis Karsamschdeg inklusiv. Dat ergëtt am Ganzen eng Zäitspan vu 46 Deeg, mä well déi 6 Sonndeger déi an dës Zäit falen net als Faaschtendeeg zielen, bleiwen nach 40 Deeg. Sënn an Zweck vun der Faaschtenzäit ass déi ënnerlech Emkéier, d'Sech-Bewosstginn vun der eegener Vergänglechkeet an der Ofhängegkeet vis-à-vis vu Gott; sou soll z. B. probéiert gi sech vun zwanghafte Gewunnechten (vun deenen ee frou wier wann een se lass wier) ze befreien.
Commons: Faaschtenzäit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Faaschtenzäit, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.