Advent (och nach Adventszäit, vu lat.
adventus – Ukommen) heescht déi Zäitspan, déi vum 4. Sonndeg virum 25. Dezember (also Chrëschtdag) bis zum Sonnenënnergank de 24. Dezember geet. D'Längt vum Advent ass also variabel, jee nodeem op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält, mä en huet ëmmer 4 Sonndeger (déi sougenannt Adventssonndeger). E stellt am Chrëschtentum den Ufank vum Kierchejoer duer a gëllt als eng Virbereedungszäit op Chrëschtdag. Et gëtt sech also op d'Feiere vun der Gebuert vum Jesus virbereet awer och op säin eschatologescht Kommen um Enn vun der Zäit.
De Poopst Gregor I. huet d'Zuel vun den Adventssonndeger am 6. Joerhonnert op véier festgeluecht, virdru waren et der jee no Géigend véier bis sechs. Zu deem Zäitpunkt a bis zum 20. Joerhonnert (an der orthodoxer Kierch och nach haut) war den Advent, wéi d'Faaschtenzäit virun Ouschteren, eng Preparatiounszäit, wärend där gefaascht gouf. Chrëschtdag gouf da vum 25. Dezember bis de 6. Januar gefeiert.
An der haiteger Zäit ass et éischter sou wéi wann an der Gesellschaft Chrëschtdag géif wärend dem Advent (an deelweis souguer schonn virdrun) virgefeiert ginn (Chrëschtmäert a Chrëschtfeiere gi wärend dem Advent ofgehalen), wougéint spéitstens nom 26. Dezember déi meescht Spuere vu Chrëschtdag ganz séier verschwannen.
Commons: Advent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Advent, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.