En Adventskranz ass e Kranz (hautdesdaags och alt e Blummenarrangement) aus Dännen- oder Fiichtenäscht, op deem 4 Käerze stinn.
Jiddwer Adventssonndeg gëtt eng Käerz méi ugefaangen. Sou sinn dräi Symboler am Adventskranz ze erkennen: ronn fir d'Onendlechkeet vu Gott (keen Ufank a keen Enn), gréng Faarf fir d'Hoffnung an d'Liicht dat ëmmer méi grouss gëtt a sou op d'Komme vu Christus soll hiweisen.
De Brauch vum Adventskranz geet zeréck op den däitsche Sozialreformer Johann Hinrich Wichern. Hien huet sech no sengem Theologiestudium ëm vernoléissegt Kanner gekëmmert, a se a sengem Rauhe Haus, dat hien 1833 zu Horn bei Hamburg gegrënnt hat, opgeholl. Fir de Kanner déi Zäit vum Advent, déi se ongedëlleg op Chrëschtdag gewaart hunn, méi kloer ze maachen, huet de Wichern e Kranz gebonnen a 24 Käerzen drop gestallt. All Dag vum Dezembermount gouf sou eng Käerz weider ugefaangen.
1925 houng fir d'éischt en Adventskranz mat véier Käerzen an enger kathoulescher Kierch zu Köln, an 1930 een zu München.
Commons: Adventskränz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Adventskranz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.