Den Alan Mathison Turing, gebuer den 23.
Juni">23. Juni 1912 zu London, a gestuerwen de 7. Juni 1954 war e brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker an ee vun den "Urpappe" vum Computer.
Alan M. Turing | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alan Mathison Turing |
Gebuer | 23. Juni 1912 Maida Vale |
Gestuerwen | 7. Juni 1954 Wilmslow |
Doudesursaach | Blosaiervergëftung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Princeton Universitéit, Sherborne School |
Aktivitéit | Informatiker, Kryptograph |
Member vun | Royal Society |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Christopher Morcom |
Papp | Julius Mathison Turing |
Den Turing gëllt haut als ee vun deenen aflossräichsten Theoreetiker vun der fréier Computerentwécklung an der Informatik. Déi vun him entwéckelt Turingmaschinn ass d'Grondlag vun der theoreetescher Informatik. Am Zweete Weltkrich huet hien d'Aarbechten dirigéiert déi zu der Entschlësselung vun den däitsche Funkspréch gefouert hunn, déi mat der Enigma-Maschinn verschlësselt goufen. De gréissten Deel vu senge wëssenschaftlechen Aarbechte sinn haut nach net verëffentlecht.
No him ass den Turing-Präis benannt, déi wichtegst Auszeechnung an der Informatik.
Commons: Alan Turing – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alan M. Turing, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.