Eng Turingmaschinn ass een einfache mathematesche Modell vun engem Rechenautomat, dee 1936 vum brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker a Computerconstructeur Alan Turing definéiert gouf.
D'Church-Turing Thees seet, dat all déi am intuitive Sënn berechebar Funktioune mat enger Turingmaschinn geléist kënne ginn.
D'Turingmaschinn besteet aus dräi Deeler:
Am Ufank ass d'Maschinn am Startzoustand an de Kapp steet op deem éischten Zeeche vun der Eingabe. D'Maschinn liest Zeechen ënner dem Kapp a féiert an Ofhängegkeet vun an dem Zoustand eng Aktioun aus. Dobäi gëtt een Zeeche op déi aktuell Positioun vum Kapp op d'Band geschriwwen. De Kapp beweegt sech eng Positioun no lénks (L), riets (R) oder bleift stoen (N) an d'Kontroll geet an een neien Zoustand iwwer. Elo gëtt nees een Zeeche gelies a sou weider. D'Berechnung ass fäerdeg, wann d'Kontroll an een Endzoustand gaangen ass.
Eng Turingmaschinn ass en 7-Tupel
, woubäi
Informell bedeit:
Wann d'Turingmaschinn am Zoustand an dat aktuellt Zeechen ass, da geet an den Zoustand iwwer, iwwerschreift duerch a mécht d'Kappbeweegung .
Déi follgend Turingmaschinn erwaart eng Rei vun en als Eingabe a verduebelt dës da mat engem Blank (representéiert als o) an der Mëtt:
Wann d'Maschinn zum Beispill mat der Eingabe gestart gëtt, da stoppt se mat um Band. Si mécht follgend Schrëtt:
Eng -Band Turingmaschinn besteet aus Bänner mat all Kéier engem eegene Lies-Schreifkapp. Dës Käpp kënne sech onofhängeg vunenee beweegen. Wichteg ass, dat dës -Band Turingmaschinnen awer net méi mächteg sinn: zou all -Band Maschinn existéiert eng equivalent -Band Turingmaschinn.
Commons: Turingmaschinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Turingmaschinn, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.