De Maurice Koechlin, gebuer den 8.
Mäerz">8. Mäerz 1856 zu Buhl am Elsass, a gestuerwen de 14. Januar 1946 zu Veytaux an der Schwäiz, war e franséischen Ingenieur, deen d'Struktur vum Eiffeltuerm entworf huet.
Maurice Koechlin | |
---|---|
Gebuer | 8. Mäerz 1856 Buhl |
Gestuerwen | 14. Januar 1946 Veytaux |
Nationalitéit | Frankräich, Schwäiz |
Educatioun | ETH Zürich |
Aktivitéit | Bauingenieur, Saachbuchauteur, Ingenieur |
De Koechlin huet zu Mulhouse säi Lycée gemaach an ass dunn op d'ETH op Zürich gaangen, wou e Schüler vum Karl Culmann war, dem Grënner vun der graphescher Statik.
Hie war dunn Ingenieur bei der Compagnie des chemins de fer de l'Est a gouf 1897 Chef vum Bureau d'Études vum Gustave Eiffel senger Entreprise fir metallesch Konstruktiounen an ëffentlech Aarbechten, déi dësen 1868 gegrënnt huet.
Hie war bestuet an hat 6 Kanner.
Der Famill Koechlin hire Stambam.
Commons: Maurice_Koechlin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Maurice Koechlin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.