Eiffeltuerm: Tuerm zu Paräis

Den Eiffeltuerm ass en eisenen Tuerm zu Paräis.

E gouf am Puddeleise vum Gustave Eiffel a senge Mataarbechter vun 1887 bis 1889 fir d'Weltausstellung 1889 opgeriicht. En ass och eng Erënnerung un den 100. Joresdag vun der Franséischer Revolutioun.

Eiffeltuerm: Tuerm zu Paräis
Den Eiffeltuerm vu Südosten aus gesinn
Eiffeltuerm

D'Iddi fir den Tuerm hat de Schwäizer Architekt Maurice Koechlin zesumme mat sengem Aarbechtskolleg Émile Nougier. D'Pläng fir den Tuerm goufen am Koechlin sengem Optrag vum Stephen Sauvestre ausgeschafft, an de Brevet gouf vum Eiffel opkaaft.

E gouf a 26 Méint vun engen 250 Metallaarbechter zusummegenitt, aus 18.038 virfabrizéierten Eenzeldeeler an 2,5 Milliounen Nitten.

Den Tuerm steet am 7. Arrondissement op der Nordspëtz vum Champ-de-Mars, net wäit ewech vum lénksen Uwänner vun der Seine.

Am Ufank war den Tuerm 300 Meter héich, doduerch datt am Laf vun der Zäit ëmmer méi Antennen dropgesat goufen, huet en elo eng Héicht vun 324 Meter, a weit ronn 10.000 Tonnen.

Den Eiffeltuerm war 40 Joer laang den héchsten Tuerm vun der Welt.

Hie gouf fir vill wëssenschaftlech Experimenter gebraucht, an hautdesdaags stinn Antennen drop fir Radios- an Televisiounssendungen.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Eiffeltuerm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

1889EisenFranséisch RevolutiounGustave EiffelParäisWeltausstellung

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Demokratesch Republik Kongo19721957Maka McClairefontaine-PlazMandy GraffLycée Edward-SteichenElisabetha HeveliusJohny FlickCharleroiGenfQMarshallplangCharles Maurice de Talleyrand-PérigordLycée Michel-LuciusBuffalo BillRiselen13. JanuarJos MassardSpektrographCorinna HarfouchSophie MouselKräid (Geologie)Andy Bausch1995NeubrasilienNGC 21Liberté - Fräiheet!200020. MäerzRap2018GeographieKonzentratiounslagerÉcole nationale pour adultesOrdre de la couronne de chêneFloridaBugGustav Fröhlich5. JuliCostantino il Grande (Film)GalaxieSteve JobsLycée technique d'EttelbruckStater Tram7. JanuarBiergbauLandkaartZürich13. Juni27. OktoberPrënz-Albert-Piercing1057NGC 2363WikiLëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiEdy SchützUnited States NavyChrëschtdag15. AugustHannes AlfvénMelusinaLycée technique de LallangeLéiffrawëschdagEuropäesche Weltraumfuerschungs- an TechnologiezentrumChengdu1891🡆 More