Den James Watt, gebuer den 19. Januarjul./ 30. Januar 1736greg.
August">19. August 1819 zu Heathfield/Birmingham, war e schotteschen Ingenieur an Erfinder.
James Watt | |
---|---|
Gebuer | 19. Januar 1736 |
Gestuerwen | 25. August 1819 |
Nationalitéit | Schottland |
Educatioun | Universtéit vu Glasgow |
Aktivitéit | Ingenieur, Chimist, Physiker, Erfinder, Entreprener, Mathematiker, Techniker |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Royal Society of Edinburgh |
Zesumme mat dem Matthew Boulton huet den James Watt, deen eng Ausbildung als Feinmechaniker hat, 1775 d'Grënnung vun enger Dampmaschinnefabrick zu Soho bei Birmingham preparéiert. An dëser Fabrick gouf déi zanter 1765 vum Watt weiderentwéckelt atmosphäresch Dampmaschinn vum Newcomen an ëmmer méi neie Versioune gebaut. Amplaz vum Atmosphärendrock huet den James Watt den Dampdrock benotzt. Hien huet, mat Hëllef vun engem Kuerbel- a Schwongrad, déi zweedimensional Beweegung an eng besser notzbar Dréibeweegung ëmgewandelt.
Zu Éiere vum James Watt gouf d'Eenheet vun der Leeschtung am internationalen Eenheetesystem, Watt genannt.
Commons: James Watt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article James Watt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.