Breedegraden oder d'geographesch Breet φ oder B (en.
D'Breet ka Wäerter vun 0° (um Equator) bis ±90° (op de Polen) hunn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Nord, −Süd) ass och N oder S zougelooss.
D'geographesch Breet gëtt sexagesimal a Grad, Minutten an a Sekonnen uginn, woubäi eng Minutt 60 Sekonnen an ee Grad 60 Minutten huet (wéi bei der Zäit). Bei Dezimalgraden/-minutten/-sekonne ginn Nokommawäerter uginn.
Et gëtt verschidde Methode vun Duerstellungen, z. B.:
Nëmmen déi éischt Form ass an der Fluchnavigatioun an zanter laangem och an der Nautik gebräichlech.
Eng Bouminutt entsprécht um dem Equator a bei de Meridianen enger Streck vun enger Séimeil oder 1852 Meter, wärend d'Streck vun der Bouminutt op de Breetekreesser φ (nërdlech oder südlech vum Equator) ëm de Faktor cosφ méi kleng ass.
Bei Donnéeë vu geographesche Koordinaten ass d'Breet ëmmer fir d'éischt unzeginn, dann eréischt d'Längt: „B virun L, wéi am Alphabet“. Hire Grond huet dës Konventioun an der Geschicht: d'Breet konnt scho Joerhonnerte virun der Längt zimmlech exakt bestëmmt ginn.
D'Breet léisst sech zimmlech einfach aus dem héchste Sonnestand (Mëttesbreet) oder aus der Héicht vu Stären déi kulminéiere bestëmmen.
Op der Nordhallefkugel vun der Äerd gëtt d'Héicht vum relativ helle Polarstär (Polaris) iwwer dem Horizont zimmlech genee de Breetegrad un: Um Equator erschéngt de Polarstär um Horizont, um Nordpol steet e souzesoe vertikal um Himmel. Tatsächlech ass de Polaris knapps 1° vum Himmelspol ewech; de Feeler deen doduerch entsteet ass wéinst der Äerddréiung zweemol am Dag 0°, zweemol 1,5° a kann duerch einfach Formele verklengert ginn.
Schonn d'Séifuerer vum spéide 15. Joerhonnert hate verstanen d'Breet fir Navigatioun ze gebrauchen. D'Bestëmmung vun der geographescher Längt war dogéint méi komplizéiert an huet eng méi genee Koppelnavigatioun gefuerdert oder d'Miessung vun den Äerdmound-Stär-Distanzen. Zanter dem 18. Joerhonnert geschitt dat mat der geneeër Auerzäit vu Chronometeren, an zanter 1990 nach méi einfach mat GPS-Satellittenempfänger.
entsprécht, wann als Äerdmodell e Rotatiounsellipsoid gebraucht gëtt, dem Wénkel tëscht der Equatorniveau an der Ellipsoidnormalen. Dës Breet gëtt och geodetesch Breet genannt an an der Landesvermiessung an an der Kartographie gebraucht.
bezeechent an der Geodesie de Wénkel tëscht der tatsächlecher Vertikaler an dem Equatorplang. D'Differenz zu der ellipsoidescher Breet ass eng Komponent vun der Vertikalofwäichung.
ass d'Richtung zum Äerdmëttelpunkt. D'Vertikal an d'Ellipsoidnormal verlafen – ausser um Equator an op de Polen – net duerch den Äerdmëttelpunkt. Déi geozentresch Breet ënnerscheet sech vun der geographescher Breet ëm bis zu 0,2°.
Commons: Geographesch Breeten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Geographesch Breet, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.