D'geographesch Längt (och: „Längegrad“), λ, international mat long.
etc. „Längt“) ofgekierzt, beschreift eng vun de béide Koordinate vun enger Plaz op der Äerduewerfläch, an zwar seng Positioun ëstlech oder westlech vum Nullmeridian. Si gouf fréier als Längegrad bezeechent. Déi geographesch Längt ass e Wénkel, deen vum Nullmeridian aus (0°) bis 180° an ëstlecher an 180° a westlecher Richtung gemooss gëtt. De Scheetpunkt vun dësem Wénkel ass de Mëttelpunkt vun der geduechter Äerdkugel, d'Schenkele gi vum Mëttelpunkt aus duerch de Nullmeridian resp. de Meridian, op deem d'Plaz läit, deem seng geographesch Längt ugesot soll ginn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Ost, −West) ass och E resp. W zoulässeg (d'Ofkierzung "O" gëtt wéinst der Verwiesselungsgefor ënnerlooss).
Commons: Longitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Geographesch Längt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.