De Polarstär ass deen hellste Stär (α) am Stärebild Ursa Minor (och am Volleksmond Klenge Won genannt).
Hien ass no beim Nordpol vum Stärenhimmel (Himmelsnordpol).
Fir dëse Stär si vill Nimm iwwerliwwert, wat seng grouss Bedeitung an de verschiddenste Kulturkreesser erëmspigelt: Stella Polaris oder nëmme Polaris souwéi Nordstär; bei de Griiche vun der Antiquitéit huet hie Phoenice („de Phönizesche“) geheescht, aner Nimm sinn Alruccabah (arabesch al-Rukkabah „de Reider“), Angel Stär, Cynosaura, Cynosura (griichesch Κυνόσουρα „Schwanz vum Hond“), Lodestar, Mismar, Navigatoria, Tramontana, Yilduz (tierkesch yıldız „Stär“) a Poljarnaja. Déi systematesch Bezeechnung an der Astronomie ass α Ursae Minoris oder kuerz α UMi.
De Polarstär ass en Dräifachstäresystem (Stand: 01.2006): Polaris A, Polaris Ab an Polaris B. Polaris A ass en Iwwerris an ongeféier 2.000-mol sou hell wéi eis Sonn. De Polaris A gehéiert zu den Cepheiden an ass gläichzäiteg den nooste vun dëse Stären. De Polaris Ab ass en Zwergstär, deen de Polaris A an engem Ofstand vun zirka 3 Milliarde Kilometer a ronn 30 Joer ëmkreest.
astronomesch Bezeechnungen | |
Positioun (Equinoxe 2000.0) | RA 2h31m48.70s Dekl. +89°15'51.0" |
Siichtbar Magnitude | Polaris A: 2,02m (variabel) / Polaris B: 8,6m |
Absolut Magnitude | zirka -4,6M * |
Spektralklass, Liichtkraaftklass | Polaris A: F7:Ib-II (blatzeg-giel) / Polaris B: F3V |
Ofstand vum Sonnesystem | zirka 430 Liichtjoer |
* berechent aus siichtbarer Magnitude an Ofstand
De Polarstär ass nëmme ronn 0,7° vum nërdlechen Himmelspol ewech an ass dofir op der nërdlecher Nordhallefkugel vun der Äerd d'ganzt Joer ze gesinn (zirkumpolar), op der Südhallefkugel dogéint kann hien net gesi ginn.
Säi Géigestéck op der Südhallefkugel ass de Stär Polaris australis, am Stärebild Octans als Sigma Octantis notéiert.
Commons: Polaris – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Polarstär, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.