Absolut Magnitude

D'Absolut Magnitude ass eng Hëllefsgréisst an der Astronomie, fir déi tatsächlech Magnitudë vun Himmelsobjeten, meeschtens Stäre vergläichen ze kënnen.

Vun der Äerd aus gesäit een e Stär mat senger visueller Magnitude, well se duerch seng Distanz an duerch interstellar Matière beaflosst gëtt.

Fir déi tatsächlech Hellegkeet vergläichen ze kënnen, stellt ee sech d'Stären an eentheetlechen Distanze vir. Déi huet 10 Parsec (1 pc = 3,26 Liichtjoer). D'Hellegkeet, déi en Observateur aus dëser Normdistanz miesse géif, nennt een absolut Hellegkeet. Bei Stären, déi manner wéi 10 Parsec ewech sinn, ass déi visuell Magnitude méi grouss wéi déi absolut Magnituden an ëmgedréint. Wéi och bei der visueller Magnitude bedeit e klengen Zuelewäert méi eng grouss Liichtkraaft.

D'Schreifweis an der Astronomie heescht (bei engem Stär vun drëtter Gréissteklass) . Bei der absolutter Hellegkeet gëtt am Géigesaz zu der visueller Magnitude e groussen 'M' héichgestallt.

Déi absolut hellst Fixstären erreechen ongeféier (iwwer 100.000-mol d'Liichtkraaft vun eiser Sonn), déi liichtschwaachst dogéint (ongeféier en Zéngdausendstel vun der Sonneliichtkraaft).

Bolometresch Magnitude

D'bolometresch Magnitude entsprécht der Liichtkraaft augedréckt a Magnitude-Unitéiten, d. h. wann een d'elektromagnéitesch Wellelängte mat arechent, zesumme mat deenen déi duerch Pass-Bandfilteren net erfaasst ginn, a vun der Äerdatmosphär absorbéiert ginn, oder déi duerch interstellare Stëbs verstoppt ginn.

D'Korrektur déi muss gemaach ginn hänkt vum Empfindlechkeetsberäich vum Miessinstrument souwéi vum Spektraltyp vum Objet of.

D'fotografesch Magnitude vun der Sonn ass Absolut Magnitude , déi bolometresch dogéint ass Absolut Magnitude .

Distanzmodul

D'Differenz tëscht absolutter Magnitude M a siichtbarer Magnitude m gëtt Distanzmodul genannt. D'Formel fir d'Distanzmodul ass:

    Absolut Magnitude 

Dobäi ass r den Ofstand vum Stär a Parsec, π seng Parallax. Mat Hëllef vun där fir d'Astronomie wichteger Formel ka fir Stären, deenen hir Liichtkraaft bekannt ass (z. B. Cepheiden oder Supernovae vum Typ Ia), den Ofstand gerechent ginn.

Op déi Aart a Weis konnt 1923 den Ofstand vum Andromedaniwwel ermëttelt ginn.

    m - M Distanz m - M Distanz
    Parsec Liichtjoer Parsec Liichtjoer
    - 5 1 3,26 + 5,5 125,89 410,61
    - 4 1,58 5,17 + 6,0 158,49 516,93
    - 3 2,51 8,19 + 6,5 199,53 650,78
    - 2 3,98 12,98 + 7,0 251,19 819,28
    - 1 6,31 20,58 + 7,5 316,23 1.031,41
    0 10 32,62 + 8,0 398,11 1.298,47
    + 1 15,85 51,69 + 8,5 501,19 1.634,68
    + 2 25,12 81,93 + 9,0 630,96 2.057,94
    + 3 39,81 129,85 + 9,5 794,33 2.590,80
    + 4 63,10 205,79 + 10 1.000 3.261,62
    + 5 100 326,16 + 25 1.000.000 3.261.619

Objeten am Sonnesystem

Bei Koméiten an Asteroide gëtt de Begrëff Absolut Magnitude ofwäichend definéiert, well si nëmme Liicht reflektéieren. Dobäi gëtt déi an der Realitéit onméiglech Situatioun ugeholl, datt d'Äerd an d'Sonn op enger Plaz sinn an den Objet, de Koméit oder den Asteroid, genee eng astronomesch Eenheet ewech stinn. D'Hellegkeet, mat där den Objet dann ze gesi wier, gëtt absolut Magnitude genannt.

Differenz Siichtbar Magnitude / Absolut Magnitude vun e puer Stären

    Stär Siichtbar Magnitude (Absolut Magnitude ) Absolut Magnitude (Absolut Magnitude ) Distanzmodul
    (Absolut Magnitude )
    Distanz
    Sonn Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  - 31,57 4,851•10−6 pc
    Sirius Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  - 2,89 2,64 pc
    Vega Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  - 0,55 7,75 pc
    Pollux Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  + 0,07 10,34 pc
    Spica Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  + 4,55 81,3 pc
    Rigel Absolut Magnitude  Absolut Magnitude  + 6,90 240 pc

Kuckt och

Absolut Magnitude  Portal Astronomie

Tags:

Absolut Magnitude Bolometresch MagnitudeAbsolut Magnitude DistanzmodulAbsolut Magnitude Objeten am SonnesystemAbsolut Magnitude Differenz Siichtbar Magnitude vun e puer StärenAbsolut Magnitude Kuckt ochAbsolut MagnitudeAstronomieStär

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Eugène RuppertGustav SimonJuliJuddentumD'Maus Ketti6. FebruarWikimediaDe Superjhemp retörnsAacht Deeg an der WochCorbiIrakErnst HubertyMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)EessFoussball-Weltmeeschterschaft 20101970ButschebuergEschdoerfer MusikÉislek9Billie Joe ArmstrongRonald ColmanWaasserbëllegAlgebresch Struktur98tasmanienNationalstrooss 10CSelena Quintanilla-PérezLëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenTessy Antony-de NassauAlexandra vu Lëtzebuerg1789Lëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderGreen Bank-ObservatoireLibretto2018BulgarienMéisproochegkeet zu Lëtzebuerg1170GoldTun TonnarCalvinismusMinettsgéigendGuillaume vu Lëtzebuerg (1963)1864Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst19942023Al Kierch Rued-SirAthénée de Luxembourg13Belsch1935Robert Louis Stevenson199816Gemeng KielenKierch Rued-SirChristian KmiotekLëscht vun de Lëtzebuerger ParenSchottlandMarianne Brosius-KolberJacques LamortJean vu LëtzebuergMerzigCapitaniCompagnie des chemins de fer Prince-HenriVindobonaFernand Wark🡆 More