De Widder (laténgesch Aries) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Date vum Stärebild Aries | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Widder |
Laténgeschen Numm | Aries |
Latäin Geenitiv | Arietis |
Latäin Ofkierzung | Ari |
Lag | Ekliptik |
Rektaszensioun | 1h 46m bis 3h 30m |
Deklinatioun | +31° 15´ bis +10° 20´ |
Fläch | 441 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 59° Süd. |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Hierscht |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m | 2 |
Hellste Stär, Gréisst | α Arietis (Hamal), 2,01m |
Meteorstréim | Arietiden Delta-Arietiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) | Triangulum Perseus Taurus Cetus Pisces |
Den Aries ass e klengt awer markant Stärebild. Et läit südlech vum onopfällege Stärebild Triangulum (Dräieck) a westlech vum Stärebild Pisces (Fësch). Déi hellste Stäre sinn α (Hamal), β (Sheratan) an γ (Mesarthim) a bilden eng gebéite Linn um Himmel.
De Widder gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild doduerch geet. D'Sonn hält sech all Joer vum 21. Mäerz bis den 20. Abrëll am Stärebild Aries op.
Ab der Antiquitéit, viru méi wéi 2.000 Joer, louch de Fréijoerspunkt, de Schnëttpunkt vum Himmelsequator mat der Ekliptik, am Stärebild Aries. Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs verréckelt sech de Frèijoerspunkt lues no Westen. Ëm Christi Gebuert ass de Punkt an d'Stärebild Pisces gewandert.
B | F | Numm | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 13 | Hamal, Elnath | 2,01 | 0,48 | 66 | K2 III |
β | 6 | Sheratan | 2,64 | 1,33 | 60 | A5 V |
c | 41 | 3,61 | 0,16 | 160 | B8 V | |
γ1,2 | 5 | Mesarthim | 3,88 | 0,8 | 204 | A1 |
δ | Botein | 4,35 | 0,79 | 168 | K2 III | |
HD 20644 | 4,47 | -2,0 | 640 | K2 II-III | ||
39 | 4,52 | |||||
ε | 48 | 4,63 | -0,13 | 293 | A2 V | |
35 | 4,65 | -0,6 | 370 | B3 V | ||
λ | 9 | 4,79 | 1,73 | 133 | F0 V | |
ζ | 58 | 4,87 | -0,22 | 340 | A1 V | |
14 | 4,98 | 0,0 | 340 | A1 V | ||
κ | 12 | 5,03 | 187 | A2m | ||
ι | 8 | 5,09 | 660 | G2 Ib | ||
τ2 | 58 | 4,87 | 340 | K3 III | ||
38 | 5,17 | |||||
η | 17 | 5,23 | 98 | F5 V | ||
π | 42 | 5,26 | 600 | |||
τ1 | 61 | 5,27 | 462 | B5 IV | ||
53 | 6,13 | 750 | O |
den α Arietis ass mat enger visueller Hellegkeet vun 2,01m den hellste Stär am Stärebild Aries. Hien ass 66 Liichtjoer vun eis ewech an huet de 15fachen Duerchmiesser an déi 90fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Hamal ass arabesch a bedeit och „Widder“.
Den zweethellste Stär, β Arietis, ass 60 Liichtjoer vun eis ewech. Et handelt sech ëm een engt Duebelstäresystem, dat mat Teleskopen netz e gein ass. Eréischt spektroskopesch Ënnersich weisen, datt sech zwéi Stären an engem Ofstand vun 1,2 AU op extreem exzentresche Bunnen ëm e vereente Schwéierpunkt beweegen.
Den arabeschen Numm Sheratan, „déi zwee Zeechen“, bezitt sech dorop, datt de β an de γ Arietis an der Antiquitéit de Fréijoerspunkt markéiert hunn.
Den 53 Arietis läit op enger Distanz vu 750 Liichtjoer. De blo-wäisse Stär huet eng visuell Magnitude vu 6,13m. Miessunge vun der Eegebeweegung weisen, datt sech de Stär mat enger ausseruerdentlech héijer Vitess vun 100 km/s beweegt. E gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Ausräisser) bezeechent ginn. Méiglecherweis ware si eng Kéier Membere vun engem Méifachstäresystem a goufen duerch eng Supernovaexplosioun oder duerch d'Laanschtzéie vun engem anere System an de Raum geschleidert. Déi aner bekannt „Ausrräisserstäre“ sinn AE Aurigae am Auriga an η Columbae an der Columba.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
γ | 4,6 / 4,7 / 9 | 7,7/221" |
λ | 4,9 / 7,4 | 37,4" |
ε | 5,2 / 5,5 | 1,4" |
τ1 | 5,4 / 7,9 / 8,4 | 0,15 / 0,67" |
10 | 5,9 / 7,3 | 1,3" |
1 | 6,2 / 7,4 | 2,8" |
Den γ Arietis (Mesarthim) ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 150 Liichtjoer a besteet aus dräi Stären, déi ëm ee Schwéierpunkt kreesen.
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
τ1 | 5,26 bis 5,32 | Bedeckungsverännerlechen |
Den τ1 Arietis läit op enger Distanz vu 462 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär.
Messier (M) | NGC | aner | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
772 | Galaxie |
Commons: Aries – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Aries (Stärebild), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.