D'Walentina Wladimirowna Tereschkowa (Валентина Владимировна Терешкова), gebuer de 6.
Mäerz">6. Mäerz 1937 zu Bolschoje Maslennikowo bei Jaroslawl op der Wolga, ass eng russesch Kosmonautin. Si war déi éischt Fra am Weltraum.
Walentina Wladimirowna Tereschkowa | |
---|---|
Gebuertsnumm | Валентина Владимировна Терешкова, Valentyina Vlagyimirovna Tyereskova |
Pseudonym | Чайка, Valentina |
Gebuer | 6. Mäerz 1937 |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Astronaut, Politiker, Militär, Ingenieur, Pilot, Universitéitsprofesser, Deputéierten an der Duma |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland, Eist Haus Russland |
U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni 1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum, déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.
1966 war si op Visitt zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.
Commons: Valentina Tereshkova – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Walentina Wladimirowna Tereschkowa, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.