Tild ass den Numm vum diakriteschen Zeechen ~.
D'Tild steet meeschtens iwwer (méi seelen ënner) engem Buschtaf; an den Naturwëssenschaften ass s'en eegestännegt Symbol. Den Numm kënnt aus dem Latäin titilus (Tableau, Schrëft uewendriwwer).
An der portugisescher Schreifweis gëtt d'Tild iwwer de Vokaler 'a' an 'o' gebraucht, fir unzeweisen, datt déi nasaléiert (duerch d'Nues) ausgeschwat ginn (/ã/ an /õ/). Am internationale phoneeteschen Alphabet huet se déi selwecht Funktioun.
Am Spuenesche steet d'Tild iwwer dem /N/, fir unzeweisen, datt deen wéi [ɲ] ausgeschwat gëtt (wéi an "España"). Och aner Sproochen, wéi Baskesch, Bretonesch, Estesch oder Vietnameesesch gebrauchen d'Tild.
An den Naturwëssenschafte gëtt mat der Tild ausgedréckt, datt zwou Saachen an engem gläiche Verhältnes zouenee stinn (proportionell sinn); z. B. fir unzeginn, datt eng ofgeluechten Distanz s proportionell zu der ofgeluechter Zäit t ass, kann ee schreiwen: s ~ t.
Zwee iwwerenee geschriwwen Tilden drécken aus, datt eppes ongeféier eppes anerem entsprécht: z. B. π ≈ 3,14159.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tild, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.