Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Wikimedia-Lëschtenartikel

Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht iwwer all lëtzebuergesch Filmer déi fir en Oscar virgeschloe waren.

Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen
Eng vergréissert Versioun vun der Oscar-Präisstatu

Am 21. Joerhonnert goufen eng ganz Rei lëtzebuergesch Filmer als Bäiträg fir de renomméierten US-amerikanesche Filmpräis Academy Award agereecht, besser bekannt als "Oscar". Dëst si souwuel den national Bäitrag an der Kategorie "Beschten internationale Film" (Academy Award for Best International Feature Film), déi virun 2020 "Beschte friemsproochege Film" (Best Foreign Language Film) geheescht huet, wéi och Lëtzebuerger Filmer a Koproduktioune mat anere Länner an anere Kategorien.

Bis ewell gouf just ee lëtzebuergesche Film mat engem Oscar ausgezeechent. Dat ass de lëtzebuergesch-franséischen animéierte Kuerzfilm Mr Hublot am Joer 2014.

Eligibilitéit an Auswiel

All Land kann e Film an der Kategorie "Beschten Internationale Film" bei der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, areechen. Dofir muss de Film eng Minimulängt vu 40 Minutten hunn, baussent den USA produzéiert gi sinn a mindestens 50% vum Dialog muss an enger Sprooch sinn, déi net Englesch ass. Dowéinst ass et och obligatoresch, Ënnertitelle beim Areeche vum Film matzeliwweren. Och Animatiounsfilmer an Documentaire sinn zougelooss. De Film muss mindestens siwe konsekutiv Deeg an engem komerzielle Kino gelaf sinn. Donieft gëtt et och ganz spezifesch Krittäre fir d'Film- an d'Audioformat. Schlussendlech muss d'Land, dat de Film areecht, bestätegen, datt d'kreativ Kontrol ("creative control") iwwer de Film gréisstendeels bei engem Bierger oder engem Resident vum Land loung.

Déi Lëtzebuerger Film-Propose gëtt vun enger Jury entscheet. An där Jury sëtze Vertrieder vun de lëtzebuergesche Verbänn vun der audiovisueller Produktioun, de Regisseuren an den Zeenaristen, den audiovisuellen Techniker, de Schauspiller, dem Filmfong, dem CNA an der Stater Cinemathéik.

Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie "Beschten Internationale Film"

Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen 
Affiches vun Elles, deen éischte Film, dee Lëtzebuerg an d'Course ëm den Oscar fir de "Beschten friemsproochege Film" geschéckt huet.
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen 
Réfractaire, de Bäitrag fir den Oscar 2009
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen 
Doudege Wénkel, de Bäitrag fir den Oscar 2013
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen 
Barrage, de Bäitrag fir den Oscar 2017

Zesumme mat der demokratescher Republik Kongo, Südafrika an der Ukraine war Lëtzebuerg 1997 eent vu véier Länner, dat fir d'éischt Kéier e Film an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" agereecht huet. Et war de franséischsproochege Film Elles. 44 aner Länner haten e Film agereecht, an d'Lëtzebuerger Film gouf net nominéiert.

Zënterhier huet Lëtzebuerg reegelméisseg, mä net all Joer e Film agereecht. Et gouf nach kee Film nominéiert.

De Film Your Name Is Justine aus dem Joer 2006 gouf vun der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, disqualifizéiert. D'Akademie hat zwar kuerz virdrun de Krittär, datt de Film an der Landessprooch misst sinn, ofgeschaaft, mä de Film gouf verworf well e Land fir seng Propositioun misst beweise kënnen, datt "kreatiivt Talent vum Land d'kënschtleresch Kontrol iwwert de Film" hat, an dat wier net de Fall gewiescht. Den Joy Hoffmann, deemolege President vum Selectiounscomité, huet seng Enttäuschung iwwer déi Entscheedung ausgedréckt a commentéiert, datt de Comité sech bewosst war, datt Your Name Is Justine e grenzwäertege Bäitrag wier, mä datt et de Film ouni Lëtzebuerg net géif gi. Lëtzebuerg hätt 75% vum Budget geliwwert. De polnesch-, däitsch an engleschsproochege Film vum Regisseur Franco de Pena, deen am Venezuela gebuer ass an a Pole lieft, ass eng Koproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Hemisphere Films an dem polneschen Opus Film. E spillt zu Berlin a gouf gréisstendeels zu Lëtzebuerg gedréint.

Proposen an der Kategorie "Beschten Internationale Film"
Joer
(Zeremonie)
Film Regisseur/in Sprooch Resultat Quell
1997
(70.)
Elles Luis Galvao Teles Franséisch, Portugiesesch net nominéiert
1998
(71.)
Back in Trouble Andy Bausch Lëtzebuergesch, Däitsch net nominéiert
1999
(72.)
- - - - -
2000
(73.)
- - - - -
2001
(74.)
- - - - -
2002
(75.)
Petites misères Philippe Boon a Laurent Brandenbourger Franséisch net nominéiert
2003
(76.)
J'ai toujours voulu être une sainte Geneviève Mersch Franséisch net nominéiert
2004
(77.)
- - - - -
2005
(78.)
Le Roman de Renart Thierry Schiel Franséisch net nominéiert
2006
(79.)
Your Name Is Justine Franco de Pena Polnesch, Englesch, Däitsch disqualifizéiert
2007
(80.)
Perl oder Pica Pol Cruchten Lëtzebuergesch net nominéiert
2008
(81.)
Nuits d'Arabie Paul Kieffer Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch net nominéiert
2009
(82.)
Réfractaire Nicolas Steil Franséisch net nominéiert
2010
(83.)
- - - - -
2011
(84.)
- - - - -
2012
(85.)
- - - - -
2013
(86.)
Doudege Wénkel Christophe Wagner Lëtzebuergesch net nominéiert
2014
(87.)
Never Die Young Pol Cruchten Franséisch net nominéiert
2015
(88.)
Baby (a)lone Donato Rotunno Lëtzebuergesch net nominéiert
2016
(89.)
Voices from Chernobyl Pol Cruchten Franséisch net nominéiert
2017
(90.)
Barrage Laura Schroeder Franséisch net nominéiert
2018
(91.)
Gutland Govinda Van Maele Lëtzebuergesch, Däitsch net nominéiert
2019
(92.)
Tel Aviv on Fire Sameh Zoabi Hebräesch, Arabesch net nominéiert
2020
(93.)
Cuentos del río Julie Schroell Spuenesch net nominéiert
2021
(94.)
Io sto bene Donato Rotunno Italieenesch, Franséiesch, Lëtzebuergesch net nominéiert
2022
(95.)
2023
(96.)
Icare Carlo Vogele Franséisch net nominéiert
2024
(97.)
Läif a Séil Loïc Tanson Lëtzebuergesch Resultat steet nach aus

Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen

Donieft gëtt et eng ganz Rei Filmer, déi vu lëtzebuergeschen Entreprise koproduzéiert goufen an déi vun anere Länner als deenen hir Propositioun agereecht goufen.

Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi vun anere Länner an der Kategorie "Beschten Internationale Film" agereecht goufen
Joer
(Zeremonie)
Film
(Regisseur/in)
Areechungsland
(a Koproduktiounslänner)
Sprooch Resultat Quell
2003
(76.)
De tweeling
Olivier Masset-Depasse
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Holland
(Lëtzebuerg)
Hollännesch net nominéiert
2010
(83.)
Illégal
Olivier Masset-Depasse
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Belsch
(Lëtzebuerg, Frankräich)
Franséisch, Russesch net nominéiert
2010
(83.)
La petite chambre
Stéphanie Chuat a Véronique Reymond
CHELëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Schwäiz
(Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert
2015
(88.)
Le Tout Nouveau Testament
Jaco Van Dormael
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Belsch
(Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert
2020
(93.)
Deux
Filippo Meneghetti
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Frankräich
(Belsch, Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert
2020
(93.)
Colectiv
Alexander Nanau
Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren: Eligibilitéit an Auswiel, Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale Film, Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen  Rumänien
(Lëtzebuerg)
Rumänesch nominéiert

Lëtzebuerger Filmer an anere Kategorien

Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013 gouf als bis ewell eenzeg lëtzebuergesch Produktioun mam Oscar präisgekréint, an dat an der Kategorie "Beschten animéierte Kuerzfilm" (Academy Award for Best Animated Short Film). En ass eng Koproduktioun tëscht dem Fransous Laurent Witz an dem Lëtzebuerger Alexandre Espigares.

En Rei aner Filmer, bal alles Koproduktioune mat anere Länner, hunn et gepackt fir an anere Kategorien nominéiert ze ginn. Déi meescht dovu sinn Animatiounsfilmer.

Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi an anere Kategorien agereecht goufen
Joer
(Zeremonie)
Film
(Regisseur/in)
Sprooch Produktiounslänner Kategorie Resultat Quell
2000
(76.)
Shadow of the Vampire
E. Elias Merhige
Englesch Lëtzebuerg, USA, Groussbritannien Beschte Schauspiller an enger Nieweroll ("Academy Award for Best Supporting Actor") fir de Willem Dafoe
Beschte Maquillage ("Academy Award for Best Makeup and Hairstyling") fir d' Ann Buchanan an d'Amber Sibley
nominéiert
2013
(86.)
Ernest et Célestine
Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner
Franséisch Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert
2013
(86.)
Mr Hublot
Laurent Witz an Alexandre Espigares
ouni Dialog Lëtzebuerg, Frankräich Beschten animéierte Kuerzfilm ("Best Animated Short Film") gewonnen
2014
(87.)
Song of the Sea
Tomm Moore
Englesch / Iresch / Franséisch (dräi Sproocheversiounen) Lëtzebuerg, Irland, Belsch, Dänemark, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature Film") nominéiert
2017
(90.)
The Breadwinner Nora Twomey Englesch Lëtzebuerg, Kanada, Irland Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert
2020
(93.)
Wolfwalkers
Tomm Moore a Ross Stewart
Englesch Lëtzebuerg, Irland, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert
2020
(93.)
Colectiv
Alexander Nanau
Rumänesch Lëtzebuerg, Rumänien Beschten Documentaire ("Best Documentary Feature") nominéiert
2023
(96.)
La valise rouge
Cyrus Neshvad
Lëtzebuerg Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm nominéiert

Kuckt och

Referenzen

Tags:

Lëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren Eligibilitéit an AuswielLëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie Beschten Internationale FilmLëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufenLëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren Lëtzebuerger Filmer an anere KategorienLëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren Kuckt ochLëscht Vun De Lëtzebuergesche Filmer Déi Fir Eng Oscar-Nominatioun Virgeschloe Waren

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

AlaskaThailandArchangelskKrichHenri KrausWikipedia2016Mali1980KJura (Geologie)Lycée classique d'EchternachOtto I. (HRR)18ZweeGenfIstanbulLMacOSArmenienIsabelle SchmitzDäitschlandPornographieWNyqvistEuropa (Kontinent)19605. OktoberUn idiot à ParisCharleroiMarshallinselenLëtzebuerger ArméiHJean CalvinÄerdJimmy Wales1915Radio Belle ValléeLondonHollandIndochinitJoerWikiGroussherzog vu LëtzebuergGentechnikInterkommunal Syndikater zu LëtzebuergBangladeschMax et les ferrailleursInfektiounskrankheet2HouwaldJuniYul Brynner1Charles de Gaulle192221. JuliEdinburghAraratBorsalino (Film)2011Jodrell Bank ObservatoireVisual keiLëscht vu lëtzebuergesche Filmer🡆 More