De Jaco Van Dormael, gebuer den 9.
Februar">9. Februar 1957 zu Ixelles, ass e belsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
Jaco Van Dormael | |
---|---|
Gebuer | 9. Februar 1957 Ixelles |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun | École Louis-Lumière |
Aktivitéit | Filmregisseur, Kameramann, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Bünekënschtler, Filmproduzent |
Hien huet um Institut national supérieur des arts du spectacle zu Bréissel Film studéiert an do och säin éischte Kuerzfilm Maedeli la brèche (1981) gedréint, fir deen hien en Honorary Foreign Film Award bei den Student Academy Awards gewonnen huet. Toto le héros (1991), säin éischte Laangspillfilm, war direkt e Succès an huet d'Caméra d'Or um Festival vu Cannes gewonnen.
Fënnef Joer méi spéit war de Van Dormael erëm zu Cannes mam Film Le huitieme jour (1996) vertrueden, fir deen déi zwéin Haaptschauspiller, den Daniel Auteuil an de Pascal Duquenne, zesummen als bescht Schauspiller ausgezeechent goufen. Och säin drëtte Kinofilm Mr. Nobody (2009), ass gutt bei der Kritik ukomm an huet eng Rei Präisser gewonnen.
2015 koum Le Tout Nouveau Testament eraus.
Commons: Jaco Van Dormael – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jaco Van Dormael, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.