An der Informatik bezeechent de Begrëff Server souwuel ee Computer, dee Resourcen iwwer en Netzwierk zur Verfügung stellt, wéi och de Computerprogramm, deen op deem Computer leeft.
Deementspriechend kann een zwou Definitioune fir e Server ginn:
Hardwareserver kënnen an engem zouenen Netzwierk schaffen (z. B. am internen Netzwierk vun enger Entreprise) oder iwwer den Internet erreechbar sinn. D'Servere si meeschten déi am stäerksten ausgebaut Computeren an engem Netzwierk an hunn eng grouss Festplackekapazitéit an eng séier Zentralunitéit (CPU).
Generell mécht e Server nëmmen e puer Saache fir vill Clients. Gläichzäiteg kann ee Client och mat e puer Servere kommunizéieren. Alles wat e Server mécht gëtt Déngscht oder "Service" genannt. D'Konzept vum Client-Server-Modell erméiglecht et, d'Aufgaben op verschidde Computeren ze verdeelen, fir datt ënnerschiddlech Endbenotzer onofhängeg vuneneen op d'Déngschter vum Server Zougank hunn.
All Déngscht, deen iwwer en Netzwierk verfügbar ass, gëtt vun engem softwarebaséierte Server ugebueden, deen permanent aktiv ass. Nëmmen esou ka sécher gestallt ginn, datt Clients (zum Beispill e Webbrowser oder en E-Mail-Programm) zu all Moment d'Méiglechkeet hunn, aktiv op der Server zeréckzegräifen an den Déngscht an Usproch ze huelen.
Et gëtt ënnerschiddlech Typpe vu Serveren, dorënner:
Commons: Server – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Server, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.