En Hutt ass eng Kappbedeckung, déi gewéinlech eng fest Form an e Stuerz huet, deen um Bord ronderëmgeet.
Domat ënnerscheet e sech vun enger Mutz oder enger Kap (déi just vir e Stuerz huet). Primär déngt den Hutt, fir virum Wieder ze schützen (Keelt, Hëtzt, Sonn oder Reen), a gëtt dofir dacks mat Attributer wéi "Reen-", "Summer-" oder "Sonnenhutt" spezifiéiert.
Wann de primären Zweck vum Hutt ass, fir géint Blessen ze schützen, da schwätzt ee vun engem Helm, respektiv Casque oder Schacko.
Iwwer déi primär Funktioun déngen Hitt och derzou, d'Perséinlechkeet vu deemjéinegen deen en ophuet ervirzehiewen, souwéi säi soziale Status oder seng berufflech Zougehéieregkeet. Bei Dammenhitt spillt eng moudesch Komponent eng wichteg Roll.
Commons: Hitt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hutt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.