D'Hagia Sofia (vum Algriicheschen Ἁγία Σοφία -Helleg Weisheet oder Gëttlech Weisheet), op Tierkesch Ayasofya, ass eng fréier chrëschtlech Basilika, aus där eng Moschee gemaach gouf.
Se steet zu Istanbul op der westlecher Säit vum Bosporus.
Land | Tierkei |
---|---|
Gemeng | Istanbul |
Plaz | Sultanahmet |
Koordinaten | 41°0'30"N, 28°58'48"O |
Architekt(en) | Mimar Sinan |
Statut | Weltierwen |
Datum vum Bau | 23. Februar 532 (julianesch) |
Opgaangen | 1054 (julianesch) |
Ofgerappt oder zerstéiert | 404 (julianesch) |
Si gouf am 6. Joerhonnert ënnert dem byzantinesche Keeser Justinian op der Plaz vun engem Virgängerbau aus dem 4. Joerhonnert gebaut a gëllt zanterdeem als dat wichtest Monument vun der byzantinescher Architektur an eng vun de prestigiéiste chrëschtleche Kierche bis an d'15. Joerhonnert eran.
No der Eruewerung vu Konstantinopel, 1453, duerch d'Osmanen, gouf se ënner dem Sultan Mehmed II. an eng Moschee ëmgewandelt, a blouf dat bis un d'Enn vum Osmanesche Räich. 1934 gouf s'an e Musée ëmgewandelt, ier se dann neses 2020, mat engem Dekreet fir den islamesche Kult opgemaach gouf.
Si ass en Deel vun der historescher Zon vun Istanbul, déi 1985 vun der Unesco op hir Lëscht vun de Weltkulturierfschafte gesat gouf..
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
...
Commons: Hagia Sofia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hagia Sofia, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.