De Freddie Francis gebuer als Frederick William Francis den 22.
Dezember">22. Dezember 1917 zu London a gestuerwen de 17. Mäerz 2007 zu Isleworth, Middlesex, England war e brittesche Kameramann a Filmregisseur
Freddie Francis | |
---|---|
Gebuer | 22. Dezember 1917 London |
Gestuerwen | 17. Mäerz 2007 |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Kameramann, Filmregisseur, Dréibuchauteur |
Member vun | British Society of Cinematographers |
De Freddie Francis war e vun de bedeitendste Kameramänner aus der Filmgeschicht an dat besonnesch a schwaarz-wäiss Filmer wéi Room at the Top an The Innocents allen zwéi vum Jack Clayton, weider Sons and Lovers vum Jack Cardiff, The Elephant Man vum David Lynch a Cape Fear vum Martin Scorsese.
Als Regisseur huet de Freddie Francis haaptsächlech Grujelfilmer fir d'Hammer Studios an England gedréint awer och mat Das Verrätertor ee Film aus der Serie vun den däitschen Edgar Wallace Filmer.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Freddie Francis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.