Den David Keith Lynch, gebuer den 20.
Januar">20. Januar 1946 zu Missoula, am Montana, ass e US-amerikanesche Kënschtler, dee virun allem fir seng Filmer bekannt ass, ma och als Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Moler, Fotograf, Designer a Komponist aktiv ass.
David Lynch | |
---|---|
Gebuertsnumm | David Keith Lynch |
Gebuer | 20. Januar 1946 Missoula |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | George Washington University |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Komponist, Synchronspriecher, Animateur, Moler, Filmediteur, Televisiounsschauspiller, Liddertexter, Lidderschreiwer, Filmschauspiller, Filmproduzent, Fotograf, Discographesche Kënschtler, Schrëftsteller, Regisseur |
Partei | Demokratesch Partei |
Member vun | WGA West |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Isabella Rossellini |
Seng Filmer sinn eng Mëschung aus verschiddene Genren, wéi dem surrealistische Film, dem Thriller, dem Horrorfilm an dem Film noir. Bekannt gouf de Lynch mat Eraserhead (1977), duerno Filmer wéi Elephant Man (1980), Dune (1984), Blue Velvet (1986), der Tëleesserie Twin Peaks (1990-1991), an de Filmer Lost Highway (1997) a Mulholland Drive (2001). 1990 krut hien d'Gëlle Palm vu Cannes fir Wild at Heart.
Joer | Titel | Fonction |
1977 | Eraserhead | Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent |
1980 | Elephant Man | Regisseur an Dréibuchauteur |
1984 | Dune | Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller |
1986 | Blue Velvet | Regisseur Dréibuchauteur |
1988 | Zelly & Me | Schauspiller |
1990 | Wild at Heart | Regisseur an Dréibuchauteur |
1991 | The Cabinet of Dr. Ramirez | Produzent |
1992 | Twin Peaks | Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent a Schauspiller |
1994 | Nadja | Produzent a Schauspiller |
1997 | Lost Highway | Regisseur an Dréibuchauteur |
1999 | The Straight Story | Regisseur |
2001 | Mulholland Drive | Regisseur an Dréibuchauteur |
2006 | Inland Empire | Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent |
2008 | Under Control | Produzent |
2009 | My Son, My Son, What Have Ye Done | Produzent |
2014 | A Fall From Grace | Schauspiller |
Ausserdeem huet hien eng Rëtsch Kuerzfilmer an Dokumentarfilmer gedréint, sou wéi och Televisiounsserien an deen een oder anere Videoclip.
Albumen |
---|
|
|
|
Commons: David Lynch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article David Lynch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.