Den Europäesche Conseil (och alt EU-Sommet genannt) bréngt d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun (EU), hir Ausseministeren an och de President vun der Europäescher Kommissioun zesummen.
Hie leet déi allgemeng politesch Orientéierunge vun der EU fest a spillt domat eng decisiv Roll doran, wéi a wuer d'EU sech entwéckelt, wat hir Prioritéite sinn, asw.
En huet säi Sëtz zu Bréissel am Europa Building.
Den Europäesche Conseil kënnt gewéinlech véiermol am Joer zesummen, kann awer vu sengm President zu aussergewéinleche Sommetën zesummegeruff ginn, wann d'Aktualitéit dat erfuerdert. Seng Aufgaben a Funktiounsweis sinn am Aart. 15 vum EU-Traité an dem Aart. 235 an 236 vum Traité iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun gereegelt.
De President gëtt op zwee an en halleft Joer vun de Staats- a Regierungscheffe gewielt; hien däerf soss kee politescht Mandat hunn. Seng Roll ass et, eng Kontinuitéit an der Aarbecht vum Europäesche Conseil ze garantéieren a bei Konflikter ze vermëttelen a Kompromësser ze proposéieren; hien huet awer keen eegent Stëmmrecht.
Zanter 1969 sinn d'Staats- a Regierungscheffen an onreegelméissegen Ofstänn zesummekomm. 1974 si se sech Eens ginn, datt vun do u reegelméisseg ze maachen. Mam Akraafttriede vum Eenheetlechen Europäeschen Akt 1987 gouf den Europäesche Conseil als EU-Institutioun an d'Europäesch Traitéen opgeholl.
Virum A-Kraaft-Triede vum Traité vu Lissabon war de President dee Staats- oder Regierungschef, deem säi Land grad d'Presidence hat. Virum Akraafttriede vum Traité vun Nice waren des Sommete gewéinlech an deem Land, dat grad d'Presidence huet, zanterhier ass dat ëmmer méi dacks zu Bréissel, fir d'éischt am Justus-Lipsius-Gebai, wou och de Conseil vun der Europäescher Unioun säi Sëtz huet, an zanter 2016 am neien Europa-Gebai.
Den Europäesche Conseil ass z'ënnerscheede vum Conseil vun der Europäescher Unioun, deen, zesumme mam Europäesche Parlament, d'Legislativorgan vun der EU ass: hei stëmmen déi jeeweileg Fachministeren nei Gesetzer of, déi an der EU gëllen.
Weider däerf een en net mam Europarot (op Franséisch "Conseil de l'Europe") verwiesselen. Dëst ass nämlech eng eegestänneg international Organisatioun mat Sëtz zu Stroossbuerg, déi näischt mat der EU ze dinn huet, an an där och Länner wéi z. B. d'Tierkei oder d'Schwäiz Member sinn. Seng Kompetenz läit virun allem am Beräich Mënscherechter. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass Deel dovun.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Commons: Europäesche Conseil – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Europäesche Conseil, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.