Den Traité (oder Vertrag) vu Lissabon (am Ufank och EU-Reform-Traité genannt) ass en internationalen Traité tëscht den deemools 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, deen den 13.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem EU-Traité vun 2007. Fir de Friddenstraité tëscht Spuenien a Portugal, kuckt wgl. Traité vu Lissabon (1668). |
Dezember">13. Dezember 2007 ënner portugisescher EU-Conseilspresidence zu Lissabon ënnerschriwwe gouf.
Den Traité iwwerhëlt wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004, deen net a Kraaft getruede war. Am Géigesaz zum Verfassungsprojet ersetzt en awer net déi Traitéen, déi et bis ewell ginn huet, mä ännert a completéiert se, notamment den EG- an EU-Traité).
Mam Lissabon-Traité kritt d'EU eng eenheetlech Struktur a gëtt eng eegestänneg Personne juridique. Aner wichteg Neierunge vum Vertrag vu Lissabon sinn d'Ausbreedung vum Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit fir déi meescht Politikberäicher bei Decisiounen am Ministesch-Conseil, d'Aféierung vum Amt vun engem Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, méi Rechter fir d'Europäescht Parlament, d'Méiglechkeet, datt 1 Millioun Bierger eng Gesetzesinitativ kënnen ufuerderen, d'méi staarkt Agebonne-Sinn vun den nationale Parlamenter an den europäesche Gesetzgebungsprozess, d'Méiglechkeet fir national Parlamenter, eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff anzereechen, d'rechtlech Verbindlechkeet vun der EU-Grondrechter-Charta an d'Méiglechkeet fir e Memberstaat, nees auszetrieden.
Den Traité ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.
Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
Europäesch Communautéiten (EG*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EG) | ||||||
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom | Justiz an Interieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG resp. Euratom) | |||||||
Traité vu Paräis | Traité vu Roum | Fusiounstraité | Acte unique | Traité vu Maastricht | Traité vun Amsterdam | Traité vun Nice | Traité vu Lissabon |
Dräi Sailen |
Commons: Traité vu Lissabon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Traité vu Lissabon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.