Den Duerchmiesser (griich.
Diameter) ass d'Distanz tëscht de Schnëttpunkte vun engem Krees mat enger riichter Linn, déi den Zentrum schneit. Den Duerchmiesser vun enger Kugel ergëtt sech, wann dës vun enger riichter Linn duerch de Kugelzentrum geschnidde gëtt. D'Hallschent vum Duerchmiesser gëtt Radius genannt. Mam Duerchmiesser ass net de Querschnëtt gemengt. D'Verhältnes Ëmfang () vun engem Krees zum Duerchmiesser ass d'Kreeszuel .
Aus der Formel fir den Ëmfang vun engem Krees:
léisst sech d'Formel fir den Duerchmiesser () vun engem Krees ofleeden:
An der Metallveraarbechtung kann zum Beispiel den Duerchmiesser vun enger Buerung oder vun engem Bolze mat deem gëeegente Moossapparat, wéi Pied à coulisse oder Mikrometerschrauf gemooss ginn. Den Duerchmiesser entsprécht dobäi der gréisster Mooss, déi rechtwénkleg zur Buerungsachs gemooss gëtt.
Bei techneschen Zeechnunge gëtt d'Symbol fir den Duerchmiesser ø nëmmen da gebraucht, wann d'Kreesform net direkt erkennbar ass, z. B. bei Schnëttduerstellungen oder Duerchgankslächer. An der Mathematik bedeit dëst Symbol Duerchschnëtt, an net Duerchmiesser.
Kugelduerchmiesser ginn och bei Sonnen, Planéiten oder Mounden ugewannt, déi eng Kugel duerstellen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Duerchmiesser, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.