Den Deimos (vum griich.
Hie gouf nom Deimos, dem Jong a Begleeder vum griichesche Krichsgott Ares (laténgesch Mars), genannt.
Deimos | |
---|---|
Entdeckung | |
Entdecker | Asaph Hall |
Datum vun der Entdeckung | 18. August 1877 |
Date vum Orbit | |
Hallefachs | 23.459 |
Periapsis | 23.451 |
Apoapsis | 23.467 |
Exzentrizitéit | 0,00033 |
Ëmlafzäit | 1,262 Deeg |
Inklinatioun | 0,93° |
Physikalesch Daten | |
Duerchmiesser | 15,0 × 12,2 × 10,4 km |
Mass | 1,8 × 1015> |
Dicht | 1,7 |
Rotatiounsdauer | 30,288 h |
Fluchtvitesse | 5,6 - 6,7 km/s |
Albedo | 0,07 |
Visuell Magnitude | 12,4 - 15,7 |
Hie gouf am Joer 1877 zesumme mam Phobos vum US-amerikaneschen Astronom Asaph Hall um US Naval Observatory zu Washington D.C. entdeckt.
Den Deimos läit méi wäit vum Mars ewech, hie leeft op enger bal exakter Kreesbunn vu 23.459 km Radius (entspriechend 20.063 km iwwer dem Marsequator) a brauch fir e Marsëmlaf 1 Dag, 6 Stonnen an 18 Minutten. Wéi den Äerdmound huet och den Deimos eng gebonne Rotatioun, dat heescht, hie weist dem Mars ëmmer déi selwecht Säit zou. Seng Ëmlafbunnn ass mat 1,79° liicht géint den Equatorplang vum Mars gebéit.
Wann een um Mars stoe géif, da wier dem Deimos säi visuellen Duerchmiesser duebel sou grouss, wéi wann een d'Venus vun der Äerd aus kucke géif. Den Deimos ass ee vun den donkelsten Himmelskierper am Sonnesystem.
Den Deimos ass de klengste vun de Marsmounden. Hie miesst 15 × 12,2 × 10,4 km an huet eng mëttel Dicht vun 1,7 g/cm³. Duerch seng onreegelméisseg Form gëtt allgemeng dovun ausgaangen, datt den Deimos genee wéi de Phobos ee vum Mars agefaangenen Asteroid ass.
D'Uewerfläch vum Trabant ass, wéi déi vum Phobos, mat enger Stëbschicht iwwerzunn, dem sougenannte Regolith. Déi Substanz ass och vum Äerdmound bekannt. D'Regolithschicht ass um Deimos méi deck wéi um Phobos, wat zur Folleg huet, datt op him d'Uewerflächekennzeeche manner staark ervirtrieden. Den Deimos huet eng kleng Albedo vun nëmmen 0,07.
Commons: Deimos (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Deimos (Mound), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.