Washington D.C., fréier den District of Columbia, a meescht einfach nëmme Washington oder D.C.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Residence Act, deen de 16. Juli 1790 ënnerschriwwe gouf, huet d'Kreatioun vun engem Haaptstadsdistrikt erméiglecht, deen um Potomac River um Land senger Ostküst sollt leien. D'amerikanesch Verfassung gesäit fir, datt deen Distrikt net zu engem vun de Bundesstaate vun den USA gehéiert, mä direkt dem Kongress ënnerstallt ass.
Washington D.C. | |
---|---|
Land | USA |
Bundesstaat | USA |
Fläch | 177 km² |
Awunner | 689.545 (1. Abrëll 2020) |
Héicht | 2 |
Zäitzon | Eastern Time Zone, UTC−5, UTC−4 |
Buergermeeschter | Muriel Bowser (2. Januar 2015) |
Koordinaten | 38°53'42"N, 77°2'12"W |
Washington ass och de Sëtz vum Internationale Wärungsfong (FMI oder IMF) an der Weltbank.
Washington, D.C. ass e klengen Territoire vun nëmmen 177 km2. E läit tëscht de Staaten Virginia a Maryland. Den héchste Punkt ass 125 Meter héich, deen niddregsten läit op 0 Meter.
2015 gouf d'Bevëlkerung vu Washington, D.C., op 672,228 Awunner geschat, wat e Wuesstem vun 11.7% zënter 2010 ass. 48,3% vun den Awunner waren Afroamerikaner, 44,1% wäiss Amerikaner (36,1% wäiss Amerikaner, déi net Hispanic/Latino sinn) a 4,2% Asiaten. Washington huet zënter senger Grënnung eng grouss afroamerikanesch Bevëlkerung. Tëscht 1800 an 1940 hu si ronn 30% vun den Awunner gestallt. Den Héichpunkt war 1970, wéi 70% vun der Awunner Afroamerikaner waren. Zënterhir geet déi Zuel awer progressiv zeréck well vill schwaarz Amerikaner an d'Viruerter plënneren.
E Rapport vun 2007 huet ervirgehuewen, datt een Drëttel vun den Awunner vu funktionellem Analphabetismus betraff sinn.
Obwuel d'Akommes mat 55.755 per capita méi héich ass wéi an all de 50 US-Bundesstaate gëllen 19% vun den Awunner als aarm. Nëmmen am Mississippi ass déi Zuel nach méi héich.
Commons: Washington D.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Washington D.C., which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.