Mississippi ass e Bundesstaat am Süde vun den USA.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mississippi | |||||
| |||||
Spëtznumm: Magnolia State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Jackson | ||||
Gréisst Stad: | Jackson | ||||
Gouverneur: | Tate Reeves | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: | Op 32. Plaz 125.546 km² 3 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: | Op 34. Plaz 2.961.279 (2020) 24,36/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 10. Dezember 1817 (20ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-6 bis -5 |
Haaptstad a gläichzäiteg gréisst Stad vun deem Bundesstaat ass Jackson. Den Numm "Mississippi" kënnt vum Floss Mississippi, deen am Westen laanscht d'Grenz leeft. Den Numm kënnt vun der Ojibwe-Sprooch a bedeit grousse Floss.
Dëse Bundesstaat ass baussent dem Mississippi-Delta mat Bëscher bewuess. Laanscht de Floss sinn déi meescht vun de Kazefëschfarme vun den USA.
D'Staatssymbol ass de Magnoliebam.
Déi éischt europäesch Expedition, déi an dëse Staat geféiert huet, war déi vum Hernando de Soto, dee 1540 duerchgereest ass. No der Amerikanescher Revolution ass Mississippi ee Bundesstaat vun de Vereenegte Staate ginn.
Am Joer 1910 hunn déi meescht schwaarz Farmer hiert Land verluer a waren dunn Farmpiechter. Ëm 1920 no der drëtter friddlecher Revolutioun waren déi meescht Afro-Amerikaner am Mississippi Aarbechter ouni Besëtz, déi méi a méi an den Aarmut gerutscht sinn. Ëm 1913 hunn Dausende vun Afroamerikaner de Staat Mississippi verlooss fir an déi grouss Industriestied wei z. B. St. Louis, Chicago, Detroit, Philadelphia, an New York ze goen am Hoffes, dem Aarmut z'entkommen. Si hunn op besser Aarbechten, besser schoulesch Ausbildung fir hir Kanner, d'Walrecht, Fräiheet, an einfach e bessert Liewe gesicht.
All Awunnerzuelen um Stand vum 1. Juli 2004
Commons: Mississippi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mississippi (Bundesstaat), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.