Dës Säit befaasst sech mam Joer 1817.
Evenementer
Lëtzebuerg
- De Wëllem I. gëtt e Reglement eraus fir a senge Gebidder (Vereenegt Nidderlanden & Groussherzogtum Lëtzebuerg) Lycéeën ze bauen. Den Stater Kolléisch, deen tëschent 1603 a 1773 vun de Jesuitte geféiert gi war, duerno vun der jeweileger staatlecher Autoritéit oder vun der Gemeng Lëtzebuerg, gëtt zum Athenäum.
- Am Athenäum gi Franséisch an Hollännesch d'Haaptsproochen; Däitsch ass fakultativ.
- De Kinnek-Groussherzog ernennt de Jean-Georges Willmar zum Gouverneur vum Groussherzogtum.
Europa
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
- Den däitsche Fierschter Karl Friedrich Drais presentéiert säi Velociped, e Virleefer vum Vëlo.
- D'Raddampschëff "Savannah" fiirt als éischt Dampschëff duerch den Atlantik
Gebuer
- 11. Januar: Alexandre Moris, lëtzebuergesche Professer a Geolog.
- 03. Februar: Jean Linden, lëtzebuergesche Botaniker.
- 17. Februar: Édouard Thilges, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Februar: Jean Henri Willibrord Gomand, lëtzebuergeschen Zeechner, Graveur a Medailleur.
- 17. Februar: Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 27. Mäerz: Carl Wilhelm von Nägeli, Schwäizer Botaniker.
- 15. Abrëll: Michel Sopher, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 01. Mee: Jean-Pierre Schmit, lëtzebuergesche Moler.
- 02. Mee: Christian Kauder: lëtzebuergesche Missionnaire.
- 13. Juli: Alphonse Nothomb, belsche Jurist a Politiker.
- 17. Juli: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 24. Juli: Adolphe vun Nassau, dee Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf.
- 24. Juli: Charles Joseph du Pasquier, franséischen Offizéier a Politiker.
- 05. August: Carl Friedrich Zimmermann, däitschen Instrumente-Bauer; Erfinder vum Bandoneon.
- 14. September: Theodor Storm, däitsche Schrëftsteller.
- 03. Oktober: Nicolas Wies, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer, Geolog an Auteur.
- 10. Oktober: Théodore Goerens, Lëtzebuergesche Professer.
- 29. Oktober: Antoine Godart, lëtzebuergesche Pedagog.
- 27. November: Pierre Claude, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. November: Theodor Mommsen, däitschen Historiker.
Gestuerwen
Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1817, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.