D'numeresch Exzentrizitéit déngt an der Himmelsmechanik als Bunnelement bei der Beschreiwung vun der Form enger Keplerbunn.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Exzentrizitéit an der Astronomie. Fir déi aner Bedeitunge, kuckt wgl. Exzentrizitéit. |
Si charakteriséiert déi verschidden Typpe vun de Léisunge vum Keplerproblem.
Fir en Orbit op enger Keplerbunn gëllt:
Fir munnech Fäll fënnt och nach den Exzentrizitéitswénkel φ als Bunnelement ee Gebrauch:
Den Exzentrizitéitswénkel ass d'Ofwäichung vun der richteger Anomalie ν vum Niewescheet SN vum rechte Wénkel.
Dësen Zesummenhang eegent sech besonnesch, wann een direkt mat der Kepler-Equatioun hantéiert.
Etymologie: Aus dem laténgeschen ex „baussen“ an zentral „Mëttelpunkt“ heescht excentricus aus der Mëtt eraus: D'Bezeechnung geet op den Tycho Brahe – de Schoulmeeschter vum Johannes Kepler – zeréck: A senger Planéitentheorie, déi eng Mëschung aus geozentreschem an heliozentreschem Weltbild duerstellt, gouf et „zentresch“ Bunnen, an där am Mëttelpunkt d'Äerd stoung, an „exzentresch“ Kreesbunnen, mat der Sonn am Mëttelpunkt.
Ënner de Planéiten aus eisem Sonnesystem huet d'Venus mat 0,0067 déi klengst Exzentritéit (also déi kreesähnlechst Bunn) an de Merkur mat 0,2056 déi gréisst.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Exzentrizitéit (Astronomie), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.