Den Tycho Brahe, gebuer de 14.
Dezember">14. Dezember 1546 zu Knudstrup, Schonen, a gestuerwen de 24. Oktober 1601 zu Prag, war een däneschen Astronom.
Tycho Brahe | |
---|---|
Gebuer | 14. Dezember 1546 jul. |
Gestuerwen | 24. Oktober 1601 Prag |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Dänemark |
Educatioun | Universitéit vu Kopenhagen, Universitéit vu Leipzig |
Aktivitéit | Astronom, Autobiograph, Dichter, Astrolog, Alchimist, Schrëftsteller |
Famill | |
Geschwëster | Sophie Brahe |
Den Tycho (oder Tyge) Brahe war vun adleger Ofstamung. Hie gouf 1566 op der Universitéit Rostock (Mecklenburg) immatrikuléiert. Am Alter vun 20 Joer huet de Brahe bei engem Duell een Deel vun senger Nues verluer. Hien huet ëmmer eng gëlle-sëlwer Nueseprothes ugepecht. Vum deemolege Kinnek Friedrich II. sinn d'Observatoiren Uranienborg a Stjerneborg op der Insel Ven (oder Hven) viru Landskrona finanzéiert ginn, wou de Brahe 20 Joer laang gefuerscht huet. De Brahe huet net nëmme seng eegen Instrumenter selwer gebaut, mä och seng Bicher selwer gedréckt.
Zum Brahe senger Zäit gouf et nach keng Teleskoper. Trotzdeem ware seng Observatioune vu Stären- a Planéitepositiounen, zu där Zäit déi preziist, mat enger Genauegkeet vun zwou Bouminutten. Seng Miessungen huet hie mat Hëllef vun engem Mauerquadrant duerchgefouert. 1572 huet hien en „Neie Stär“ (stella nova) observéiert. 1599 ass de Brahe op Prag wunne gaangen, wou hien zwee Joer spéider gestuerwen ass.
Seng Schwëster Sophie Brahe (1556–1643) hat och vill Kenntnesser an der Astronomie an huet vill mat hirem Brudder zesummen am Observatoire vum Schlass Uranienborg geschafft.
De Moundkrater Tycho krut, fir un de Brahe z'erënneren, säin Numm.
Commons: Tycho Brahe – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tycho Brahe, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.