Lëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga

D'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) a.s.b.l.

war eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi sech fir Naturschutz am Allgemengen, an de Schutz vun de Vullen am Besonneschen, agesat huet.

Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga
Ofkierzung LNVL
Zweck Natur- a Vulleschutz
Grënnungsdatum 1920 (opgeléist 2012)
Sëtz Haus vun der Natur
President -
Lëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga

D'Associatioun, déi 1920 gegrënnt gouf, huet 2012 mat der Asbl natur&ëmwelt fusionéiert a besteet vun do un net méi als eegestännege Veräin.

2012 hat d'LNVL eng 13.000 Memberen.

Aktivitéiten

D'Theemegebidder, mat deenen d'LNVL sech befaasst huet, waren: Aarteschutz, ekologesch Korridoren, Natur am urbane Raum, Landwirtschaft, Forstwirtschaft a Remembrement, ekologesch Gestioun vum Waasser, Landschaftsschutz a Landesplanung, Natur- a Vulleschutz op internationalem Plang.

D'LNVL huet zwou Zäitschrëften ënner dem Numm Regulus publizéiert, dovun eng wëssenschaftlech Zäitschrëft, de Regulus / Wissenschaftliche Berichte. Béid Zäitschrëfte ginn zanter Mëtt 2012 vun natur&ëmwelt Asbl erausginn.

Geschicht

D'LNVL gouf 1920 op Initativ vum Jean Morbach ënner dem Numm Société pour la protection des animaux et des sites gegrënnt. 1921 gouf se a Ligue luxembourgeoise pour la protection des oiseaux utiles, an 1940 a Ligue luxembourgeoise pour l'étude et la protection des oiseaux ëmgenannt. 1983 krut se den Numm deen se bis zur Fusioun mat natur&ëmwelt behalen huet.

D'LNVL (resp. hir Virgängervereenegungen) hu sech dofir agesat, datt Lëtzebuerg d'international Konventioun iwwer de Vulleschutz, déi 1904 ratifizéiert gi war, an national Recht ëmgesat sollt ginn (dat geschouch 1928). Och d'Ausschaffe vum éischten Naturschutzgesetz vun 1982, an d'Revisioun dovun aus dem Joer 2004, huet d'LNVL vun Noem begleet. D'Donnéeën, déi se gesammelt hat, hu gehollef, d'Vulleschutz-Direktiv vun der EG vun 1979 an nationaalt Recht ëmzesetzen, andeems Schutzzonen ausgewise gi sinn.

1982 war d'LNVL ee vun de Grënnungsmembere vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, zesumme mat der Natura an der Société des naturalistes luxembourgeois.

Am September 2010 huet d'LNVL sech mat dräi aner Naturschutzorganisatiounen - der Natura, der Associatioun D'Haus vun der Natur an der Stëftung Hëllef fir d'Natur - informell ënner dem Numm natur&ëmwelt zesummegedoen. Nodeem d'Asbl natur&ëmwelt am Februar 2012 offiziell gegrënnt gi war, huet d'LNVL den 13. Juli 2012 mat där Organisatioun fusionéiert.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen an Notten

Tags:

Lëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga AktivitéitenLëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga GeschichtLëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga Kuckt ochLëtzebuerger Natur- A Vulleschutzliga Um SpaweckLëtzebuerger Natur- A VulleschutzligaAsblLëtzebuerg (Land)NaturschutzVullen

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Schlass MeesebuergCreative CommonsHome Box OfficeFieseler Fi 103ÄerdrotatiounSchauspillerMathematesch PhysikDie Beine von DoloresCarlos Arecio AmarillaKathedral Notre-Dame vu ReimsKryptowärungCoppa Bernocchi 2023Kanton Esch-UelzechtNauruLydie PolferIron MaidenIrving PichelJean Peters (Aulebäcker)Denis DiderotArabeschMëttelalterlech Schmelz JeneeserbëschMaria PerschyKoreakrichBastiaNepalNeipuertsgaassJava2016The Rolling StonesKommunismusKriibs (Krankheet)Josef Wissarionowitsch StalinGemeng Ierpeldeng op der Sauer1789Charles-Mathias Simons2003Hermies18. AbrëllToyotaWärungLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenVeganismusKubaNei PaartScheierhaff (Miesdref)Atlas (Biergketten)Kolumbien29. Mee19. AugustOrnella MutiHabsburgFernand WarkRené Steichen (Regisseur)Jang de BlannenMediaWikiBaltikumUkraineschApple iPhoneGiromagnyFluchhafe KansaiAthenZisterzienserHelga SommerfeldRobert Louis StevensonFort RumignyRéimescht RäichMS EuropaKakáAbrëllGréngen DonneschdegBarack ObamaJohn Wayne🡆 More