De Jean (Johann) Morbach, gebuer de 15.
Juni 1884 zu Fréiseng a gestuerwen den 29. Januar 1967, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.
Jean Morbach | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1884 |
Gestuerwen | 29. Januar 1967 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ornitholog, Schoulmeeschter |
De Jean Morbach war Schoulmeeschter zu Konstem (1903-1908) an zu Esch-Uelzecht (1909-1944). 1910 gouf hie Sekretär vum nei gegrënnten «Geflügel- und Kaninchenzüchterverein» vun Esch-Uelzecht. 1918 huet hien de «Cercle horticole de la ville d'Esch-sur-Alzette» («Escher Gartenbaugenossenschaft») matgegrënnt, an 1920 de « Verein für Tier- und Heimatschutz » aus deem hien 1921 d'«Ligue luxembourgeoise pour la protection des oiseaux utiles» gemaach huet, där hire Sekretär hie vun 1921 bis 1946 war.
Am Abrëll 1941 gouf d'«Ligue luxembourgeoise pour la protection des oiseaux» vum preiseschen Okkupant ëmgedeeft an duerch de «Verband für Vogelschutz» ersat. De Jean Morbach blouf weiderhi Generalsekretär an hien huet sech och ëm de Bulletin vum neie Verband, dee vu Januar 1942 bis Januar 1944 mam Titel «Der Vogelfreund» erauskoum, gekëmmert. President (Leiter) vum Verband war de Franz Huberty, Éiereforstinspekter zu Gréiwemaacher.
De Morbach gouf 1946 wéinst Kollaboratioun zu engem Joer Prisong a 50.000 Frang Strof verurteelt.
De Morbach huet Wierker publizéiert wéi: «Der praktische Vogelschutz» (1924), «Jagdgesetz und Vogelschutz» (1924), «Ackerbau, Jagd und Vogelschutz» (1928). Säi bekanntst Wierk sinn d'«Vögel der Heimat», néng Fasciculen tëscht 1928 an 1937, an duerno eng nei Serie mat sechs Bänn tëscht 1939 an 1967. Dee leschte Band war am Drock, wéi de Morbach gestuerwen ass. De Morbach war den anonymmen Auteur vun der éischter Editioun vum Täschebuch «Die bekanntesten Vögel Luxemburgs», dat d'Vulleschutzliga 1949 erausginn huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean Morbach, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.