Atlas (op Arabesch: جبال الأطلس) ass de Sammelbegrëff vun enger Rei vun héije Biergmassiver am Nordweste vun Afrika.
En erstreckt sech iwwer ongeféier 2.400 km a Marokko, Algerien an Tunesien. Den héchste Punkt, de Jbel Toubkal am Zentrum vu Marokko, huet eng Héicht vu 4.167 m. Den Atlas ass eng Barrière tëscht de fiichte Küstegebidder um Atlantik an um Mëttelmier am Nordoste vum Kontinent an der dréchener Sahara. D'Bevëlkerung ass haaptsächlech berberesch.
Déi bekanntst Biergketten am Atlas sinn den Héijen Atlas, den Tellatlas, de Mëttleren Atlas, den Antiatlas de Saharaatlas an de Rif.
Commons: Atlas Mountains – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Atlas (Biergketten), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.