D'Sahara ass mat néng Millioune Quadratkilometer déi gréisst Dréchewüst vun der Äerd.
Dat entsprécht ongeféier der Gréisst vun den USA oder der 3480-facher Gréisst vu Lëtzebuerg.
D'Sahara erstreckt sech vun der afrikanescher Atlantikküst bis zu der Küst vum roude Mier a formt en Trapez vu 4.500–5.500 Kilometer vu West no Ost a 1.500–2.000 Kilometer vun Norden no Süden. Se gehéiert zu de Wendekreeswüsten.
D'Sahara ass gréisstendeels eng Stengwüst oder Fielsewüst (Hammada), an och eng Kresi- respektiv Geröllwüst (Serir); d'klischeehaft Sandwüst (Erg) mécht mat zirka 20 Prozent nëmmen e klengen Deel vun der Sahara aus.
Commons: Sahara – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sahara, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.