D'Anouk Aimée, gebuer als Françoise Judith Sorya Dreyfus de 27.
Abrëll">27. Abrëll 1932 zu Paräis ass eng franséisch Schauspillerin.
Anouk Aimée | |
---|---|
Gebuertsnumm | Nicole Françoise Florence Dreyfus |
Gebuer | 27. Abrëll 1932 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Pierre Barouh, Albert Finney |
Liewenspartner(in) | Marcello Mastroianni |
Mamm | Geneviève Soria |
Si huet Schauspill an Danz studéiert.
1946 huet si hir Karriär beim Film ugefaangen. Si huet a Filmer vu ganz grousse Regisseure matgewierkt, wéi: Federico Fellini, Vittorio de Sica, George Cukor, Robert Altman a Jacques Becker.
Eng vun hire schéinste Rollen huet si am Film Lola vum Jacques Demy gespillt.
Si hat och d'Haaptroll am Claude Lelouch sengem groussen Erfolleg Un homme et une femme.
D'Anouk Aimée ass d'Duechter vun der Schauspillerin Geneviève Soria.
Commons: Anouk Aimée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Anouk Aimée, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.