Gare

Eng Gare ass eng Plaz am ëffentleche Verkéiersnetz an där sech de Kontakt tëscht dem Benotzer an dem Bedreiwer vun deem Netz ofspillt.

Gare Dësen Artikel beschäftegt sech mat enger Plaz am ëffentleche Verkéiersnetz. Fir de Stater Quartier „Gare“, kuckt wgl. Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg).
Gare Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mat Gare ass ëmgankssproochlech dacks d'Gebai gemengt. Wann zu Lëtzebuerg vun enger Gare geschwat gëtt ass gewéinlech eng Eisebunnsgare gemengt.

Gare
D'Stater Gare zu Lëtzebuerg

Am grousse Ganze besteet jiddwer Gare aus Verkéiers- a Betribsanlage vun Eisebunnsgesellschaften oder Industrieanlagen, wéi Schmelzen oder Häfen.

D'Verkéiersanlage sinn d'Installatiounen déi fir d'Exploitation vun der Aktivitéit néideg sinn:

  • Bei Persounegare sinn dat d'Quaien an d'Gebaier déi fir d'Reesender accessibel sinn.
  • Bei Marchandisegare sinn dat d'Installatioune fir d'Wueren op-, aus- oder ëmzelueden, d'Gebaier déi en Accès op eng Strooss ginn an eventuell och Installatioune fir d'Wueren ze verschaffen oder nei ze verpaken.

D'Betribsanlage sinn d'Installatiounen déi fir de Betrib an Ënnerhalt vum Rullmaterial, de Schinnen an der Catenaire néideg sinn. Am Normalfall kënnt de Reesenden oder d'Marchandise net mat dësen Installatiounen a Kontakt. Et kënnen dat sinn:

Op ville klenge Garë sinn d'Betribsanlagen ewechgefall oder staark zeréckgebaut ginn, well et méi wirtschaftlech ass de Betrib vun enger zentraler Plaz aus ze geréeieren.

Et kann ee Garen no ënnerschiddleche Krittäre kategoriséieren.

Architektonesch Kategorisatioun

D'architektonesch Kategorisatioun ass d'Ënnerscheede vun de Garen no de bauleche Choixen déi gemaach goufen. D'Ausgesi vun enger Gare ass eng Konsequenz vun der Funktioun, der Importenz an der Lag.

Suedelgare

Gare 
D'Gare Belval-Universitéit.

Eng Suedelgare ass eng Gare bei där d'Gebaier déi dozou gehéieren, iwwer de Schinne leien. Bei Marchandisegaren ass déi Form éischter rar, well d'Verlueden iwwer en zweeten Niveau zäit- a käschtenintensiv ass.

E gutt Beispill fir eng Suedelgare ass d'Gare Belval-Universitéit.

Käilgare

Eng Käilgare ass eng Gare an där sech eng Eisebunnsstreck spléckt. Déi eenzel Streck déi sech just virun der Gare spléckt, ëmschléisst d'Gare zu béide Säiten. Am Géigesaz zur Inselgare, lafen déi béid Äerm vun der Streck net hanner der Gare zesummen. E Beispill zu Lëtzebuerg ass d'Gare zu Kautebaach.

Inselgare

Gare 
D'Gare vun Düren an Däitschland ass eng Inselgare.

Eng Inselgare ass eng Gare bei där op béide Säite Gleiser leien ass. Den Accès an d'Gare, ass entweeder duerch Souterrainen, oder a méi klenge Garen iwwer Iwwergäng déi am Gleis leien.

Tuermgare

Eng Tuermgare ass eng Gare an där sech 2 oder méi ënnerschiddlech Strecken op verschiddenen Niveaue kräizen. Bei der klassescher Eisebunn ass dës Form rar, well et fréier ze opwenneg war an d'Héicht ze bauen. D'Gare vu Kelmis ass e Bespill wou dräi Linne sech gekräizt hunn.

Enn vum 20. Joerhonnert sinn awer sou Garen opgeriicht ginn, zum Beispill op der Gare vu Köln-Deutz. Do gouf ënner déi klassesch Streck eng Gare fir ICE Zich gebaut déi net iwwer d'Kölner Haaptgare fueren.

Beim Metro gëtt et vill sou Garen, déi de Benotzer vun enger Metroslinn, en Uschloss un aner Metroslinnen, oder klassech Eisebunnsverbindunge ginn.

Tunnelgare

Eng Tunnelgare ass eng Gare där hir Installatiounen zum gréissten Deel ënnerierdesch sinn. Nieft dem Metro, fënnt een déi Zort Garen dacks a grousse Stied, sou zum Beispill d'Gare vu Bréissel-Central, Antwerpen-Central a Verviers.

Den ëmstriddene Projet Stuttgart 21 gesäit de Bau vu sou enger Tunnelgare vir.

Dräiecksgare

D'Dräiecksgare ass eng e bësselche koppeg an iwweraus seele Form vun enger Käilgare. Nieft den zwéi Streckendeeler déi an d'Käilgare eralafen, besteet an der Gare och eng Verbindung tëscht deene Streckendeeler. Aus der Luucht gesinn, erënnert deen Opbau un en Dräieck.

Betriblech Kategorisatioun

Duerchgangsgare

D'Duerchgangsgare ass de klasseschen Zenario vun enger Gare an déi eent oder méi Gleiser eraféieren, an duerno a gläicher Zuel erausféieren. Et ass duerchaus gängeg datt an der Gare Gleisverzweigunge bäikommen, fir eng méi grouss Operatiounsfläch ze bidden.

Kappgare

Gare  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kappgare.

Spuerwiesselgare

Eng Spuerwiesselgare ass eng Gare an där sech Zuchstrecke mat ënnerschiddleche Spuerwäiten, treffen. Dacks sinn dat Grenzgaren, wéi z. B. d'Gare vu Portbou op der franséisch-spuenescher Grenz.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Train stations – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Gare Architektonesch KategorisatiounGare Betriblech KategorisatiounGare Kuckt ochGare Um SpaweckGareEisebunnLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Liège-Bastogne-Liège 2024Jules WernerClinique Saint-FrançoisCôte de la RedouteSaudiarabienHollandGriichelandZeie vum JehovaRoger DiederichRTL Télé LëtzebuergVerluerekaschtZuchaccident zu Zoufftgen1900Lëtzebuerg (Land)Hei elei, kuck eleiWrocławPit RomersaDepartement Puy-de-DômeRaymond BurrPatxi Xabier Lezama PerierFeilCôte de WanneRobert KrantzEuropäesch UniounBangladeschWëllem IV. vu LëtzebuergPerl oder Pica (Film)Singapur (Republik)Lycée Hubert-ClémentHugues Le GallaisHellespontUn der AtertFrancis of DeliriumClaude ChristnachNorbert Campagna29. AbrëllJeff SeylerInternetFranséischGuy BergVereenegt Staate vun AmerikaKoordinéiert WeltzäitUruguayFélix BrazWaasserJakobuskierch zu GreiweldengBlogAkustesche BassNordirlandLuc FriedenOregonAinhoa AchuteguiElblingJean-Pierre FlohrPéckvillchenOmar SharifObligatiounGaston ReineschHochzäitsnuechtLee Van CleefJoseph KutterHypertext Transfer ProtocolFranséische PällemMontana2006Antoine JansLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenE-Bass29. JanuarOns HeemechtAnimeEise PappGeorges Eugène HaussmannGeometrie🡆 More