De Renato Salvatori, gebuer den 20.
Mäerz">20. Mäerz 1933 zu Forte dei Marmi a gestuerwen de 27. Mäerz 1988 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller.
Renato Salvatori | |
---|---|
Gebuer | 20. Mäerz 1933 |
Gestuerwen | 27. Mäerz 1988 Roum |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Annie Girardot |
Kanner | Giulia Salvatori |
Bedeitend Filmer am Renato Salvatori senger Carrière waren déi zwéin Zweete Weltkrichsdramaen Era notte a Roma (1960) vum Roberto Rossellini mam Leo Genn a Giovanna Ralli a La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica mam Sophia Loren a Jean-Paul Belmondo. Dann déi zwee politesch Filmer vum griichesche Regisseur Costa-Gavras am Joer 1969 Z mam mam Yves Montand, Irene Papas, Jean-Louis Trintignant a Jacques Perrin an 1972 État de siège mam Yves Montand an O.E. Hasse. Weider interessant Film waren d'Jules Verne Verfilmung 1971 The Light at the Edge of the World vum Kevin Billington mam Kirk Douglas a Yul Brynner an dann nach 1971 Le casse vum Henri Verneuil mam Jean-Paul Belmondo, Omar Sharif a Robert Hossein.
Vun 1962 bis zu sengem Doud am Joer 1988 war de Renato Salvatori mat der franséischer Schauspillerin Annie Girardot bestuet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Renato Salvatori, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.