Den Gino Cervi, gebuer als Luigi Cervi den 3.
Mee">3. Mee 1901 zu Bologna a gestuerwen den 3. Januar 1974 zu Punta Ala, war en italieenesche Schauspiller.
Gino Cervi | |
---|---|
Den Gino Cervi als Commissaire Maigret | |
Gebuer | 3. Mee 1901 Bologna |
Gestuerwen | 3. Januar 1974 Punta Ala |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Member vun | Teatro d'Arte di Roma, Fräimaurerei |
Famill | |
Bestuet mat | Ninì Gordini Cervi |
Kanner | Tonino Cervi |
An den 1920er Joren huet den Gino Cervi seng Theatercarrière ugefaangen a vun den 1930er Joren un war hien och beim Film als Schauspiller aktiv.
Bekannt ass hie besonnesch duerch seng Roll als Buergermeeschter Peppone an der Serie vun den Don Camillo-Filmer mam Fernandel als Don Camillo.
Hien ass de Papp vum Filmregisseur an Dréibuchauteur Tonino Cervi.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gino Cervi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.