De Charles Vanel, gebuer als Marie-Charles Vanel den 21.
August">21. August 1892 zu Rennes a gestuerwen de 15. Abrëll 1989 zu Cannes war e franséische Schauspiller a Filmregisseur.
Charles Vanel | |
---|---|
am Film "Tre fratelli" (1981) | |
Gebuertsnumm | Charles Marie Vanel |
Gebuer | 21. August 1892 Rennes |
Gestuerwen | 15. Abrëll 1989 Cannes |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmschauspiller, Dréibuchauteur |
1908 stoung de Charles Vanel fir d'éischt als Schauspiller zu Paräis op der Bün, 1910 huet hie seng éischt Rollen am Film gespillt. Hie war an enger 180 Filmer ze gesinn.
Zu senge wichtege Kinosfilmer zielen Les croix de bois (1931) vum Raymond Bernard, Le salaire de la peur (1952) vum Henri-Georges Clouzot, To Catch a Thief (1954) vum Alfred Hitchcock, La mort en ce jardin (1956) vum Luis Buñuel a Cadaveri eccellenti (1976) vum Francesco Rosi.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Charles Vanel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.