D'Charlotte Rampling, OBE, gebuer de 5.
Februar 1946 zu Sturmer am Essex ass eng englesch Schauspillerin.
Charlotte Rampling | |
---|---|
Gebuertsnumm | Tessa Charlotte Rampling |
Gebuer | 5. Februar 1946 Sturmer |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Mannequin, Theaterschauspiller, Sänger, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Jean Michel Jarre, Bryan Southcombe |
Liewenspartner(in) | Jean-Noël Tassez |
Papp | Godfrey Rampling |
Bis 2015 war d'Charlotte Rampling an iwwer 110 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.
Hiren éischten Optrëtt am Kino hat si am Film The Knack...and How to Get It (1964) vum Richard Lester. Schonn 1969 krut si eng Roll am Film La caduta degli dei vum Luchino Visconti. Aner wichteg Filmer an hirer Carrière waren 1974 de Science-Fiction-Film Zardoz vum John Boorman mam Sean Connery, Il portiere di notte (1974) vun der Liliana Cavani, Stardust Memories (1980) vum Woody Allen a Sous le sable (2000) vum François Ozon.
Commons: Charlotte Rampling – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Charlotte Rampling, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.