Den (28978) Ixion (Symbol: ) ass e grousse transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture, deen nom Lapithekinnek Ixion aus der griichescher Mythologie genannt gouf.
Wéinst senger Gréisst ass hien en Zwergplanéitekandidat.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 39,6099 A.E. |
Peridatum | 13. August 2070 |
Exzentrizitéit | 0,241574 |
Sideresch Ëmlafzäit | 249 a 3,5 M |
Mëttel Bunnvitess | 4,665 km/s |
Inklinatioun | 19,596 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 617 ± 19 km |
Albedo | 0,141 ± 0,011 |
Absolut Hellegkeet | 3.6M |
Entdeckung | |
Entdecker | Deep Ecliptic Survey |
Entdeckungsdatum | 2. Juli 2001 |
Plaz | Lowell-Observatoire Flagstaff, Arizona |
Aner Bezeechnungen | 2001 KX76 |
De Planetoid beweegt sech op enger mëttlerer Distanz vun 39,61 AE an 249 Joer ëm d'Sonn. Seng Bunn verleeft déi aner Säit vum Planéit Neptun tëscht 30 an 49,2 AE Dustanz vun der Sonn, an der Kuiperceinture. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,242; d'Bunn steet 19,60° schréi zu der Ekliptik. Am Ament ass de Planetoid ronn 39,8 AE vun der Sonn ewech.
Den Ixion gouf den 2. Juli 2001 vun enger Astronomegrupp, um Lowell-Observatoire zu Flagstaff an Arizona, entdeckt. Den Duerchmiesser vum Ixion gouf ufanks mat ronn 1300 km ugeholl. Observatioune mam Spitzer-Weltraumteleskop hu festgestallt, datt den Ixion eng zimmlech hell Uewerfläch huet (d'Albedo läit ëm 0,14), sou datt den Duerchmiesser dohier entspriechend méi kleng (ongeféier 617 km) ageschat muss ginn.
Commons: (28978) Ixion – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article (28978) Ixion, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.