De wëssenschaftlechen Numm vun de Liewewiesen ass en eendeitegen, laténgeschen Numm, dee gewéinlech aus zwee Wierder besteet an no bestëmmte Reegele gebilt gëtt.
Dës binominal Nomenklatur gouf 1753 vum Carl von Linné agefouert.
De wëssenschaftlechen Numm fir eng Aart vun engem Liewewiese setzt sech aus dem Numm vun der Gattung an engem Aart-Epitheton (en Adjektiv dat d'Aart beschreift) zesummen. Den éischte Buschtaf vun der Gattung gëtt heibäi grouss geschriwwen. Béid Wierder si Latäin a gi kursiv geschriwwen.
Bannent enger Gattung muss all Aart en aneren Numm hunn. Deeselwechten Aart-Epitheton kann et awer bei verschiddene Gattunge ginn.
Bei den Déiere kann den Numm vun der Gattung an dee vum Aart-Epitethon d'selwecht sinn.
D'Nimm vun der Gattungs- an der Aartgrupp ginn dacks duerch e bestëmmt Kennzeechen (z. B. Faarf, Gréisst, Verhalen), aus der Uertschaft vun der Entdeckung oder aus engem Numm vun enger Persoun ofgeleet.
Beispiller:
Et gëtt awer och verschidden Erweiderunge vun dësem System, wéi z. B. bei enger Ënneraart, bei Zuuchtformen oder Hybriden. Do gëllt d'Reegel och, datt laténgesch Wierder kursiv geschwriwwe ginn, mais all Tëschewierder sinn an normaler Schrëft. Den Auteursnumm, dee gewéinlech um Schluss steet, ass an normaler Schrëft oder a Kapitälche geschriwwen.
Beispiller:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wëssenschaftlechen Numm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.