Schielmees

Schielmees Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Schielmees (Parus major) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Meesen (Paridae).

Schielmees
Schielmees

Schielmees
Schielmees
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Meesen
Gattung: Parus
Aart: Schielmees
Wëssenschaftlechen Numm
Parus major
Linnaeus, 1758
Schielmees
Eng Schielmees vun no
Schielmees
Eeër vun der Schielmees

Beschreiwung

D'Schielmees ass déi gréisst an déi heefegst vun de Meesen. Hire Kapp ass schwaarz mat wäisse Baken. Bei de jonke Schielmeesen ass de Bak hellgiel. De Bauch ass giel mat engem schwaarze Stréch an der Mëtt. Beim Weibchen ass dëse Stréch méi dënn wéi beim Männchen. De Réck ass gréng. De Gesank vun der Schielmees ass ganz ofwiesslungsräich. Et héiert een dacks schonn am spéide Wanter en "zi zi dee".

Ekologie

Ernierung

D'Schielmeese friesse virun allem Insekten. Si picken un de Beem oder sichen um Buedem an am Kraut no Déieren. De Gäertner gesäit si dofir gär als natierlech Hëllef bei der Bekämpfung vum Gedéiesch am Gaart.

Am Wanter gesäit een d'Schielmeesen dacks bei de Fudderplazen. Si hu virun allem d'Sonneblummekäre gär. Op laang Dauer bekënnt hinnen déi eesäiteg Ernierung awer net.

Liewensraum

D'Schielmeese komme bal iwwerall vir, wou et Beem ginn. Si si ganz upassungsfäeg. Duerch Nistkëschte kann een hinnen hëllefen. Am Wanter bleiwen d'Schielmeesen an hirer Heemecht. Eenzel Meese schlofe vun November bis Februar nuets an den Nistkëschten.

Brutfleeg

Schonn Enn Wanter gesäit ee Koppelen déi zesummegehéieren. Ab Mëtt Mäerz schléift d'Weibchen nuets net méi an der Nistkëscht. Bei guddem Wieder schleefen d'Meesen dréchent Moos, Grieser an Hoer an d'Këscht. An der Mëtt vum Koup gëtt eng Kaul gemaach. Dës Kaul gëtt mat Plommen an Hoer ausgekleet. Jee no Baussentemperatur leet d'Weibchen ëm den Ufank Abrëll all Dag géint der Mueren en Ee. Dës ginn am Ufank nach net gebréit. Si gi mat Plommen an Hoer zougedeckt. Wann et nuets kal gëtt, schléift d'Weibchen am Nascht fir d'Eeër waarm ze halen. De Männche markéiert den Terrain mat sengem Gesang.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Parus major – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Schielmees BeschreiwungSchielmees EkologieSchielmees Kuckt ochSchielmees Um SpaweckSchielmees

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KnuedlerOns stadPutty SteinEdmond de la FontaineBanque centrale du LuxembourgGeorges CalteuxToni RodeschJohn TravoltaLiz BrazYvette RischetteEric FalcheroAlbert SimonJangliSchweedeschSchëld D, 7Lycée Josy-Barthel MamerING Night Marathon LuxembourgRenert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst1600Schëld C, 14SummerzäitPafemillenBetribssystemLiliane Thorn-PetitAloyse MeyerGemeng (Lëtzebuerg)Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenNico ReisdorffPletschetteArcheologieLëscht vun den Zecken zu LëtzebuergLëtzebuerg (Stad)Hannert dem AtlantikJonathan SwiftMarie-Astrid vu LëtzebuergAffekotHaaptsäitBléck/ArchiverLëtzebuerger JournalÉcole polytechniqueBanque internationale à LuxembourgSchëld F, 8François-Xavier Wurth-PaquetSchold (Recht)Fair useJéineschD'MargréitchenPéitruss (Film)Alain AttenISO 3166-1Désirée NosbuschSerge TonnarPierre DillenburgÖnologieGemeng MunnerefRéimechSpueniekämpferKrich an der VendéeMelusinaGehaansdagPaul DostertSiddhartha GautamaX (Soziaalt Netzwierk)ISBN.jpgLëscht vu lëtzebuergesche Museker1MinettsgéigendBockfielsOfkierzung🡆 More